Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

“Le dernier tango à la gare” housch et de leschte Weekend op Nummer 5, Avenue de la Gare, net wäit ewech vun der Passerelle. Wann Der dëser Deeg laanscht dat Gebai gaang sitt, da sinn Iech déi vill faarweg Punkten op der Fassade sécher opgefall. Dëse Weekend elo, den 31. Mee an 1. Juni, gëtt nach emol, mä da wuel definitiv fir d’lescht, do Tango gedanzt. Am Fong handelt et sech ëm eng temporär Galerie, mat Wierker vun enge sëlleche lëtzebuerger, an och e puer auslänneschen, Artisten. Derhannert stécht d’asbl “La Galerie BRADTKE”; wat et domat op sech huet, a firwat datt een dëse Weekend onbedéngt sollt laanscht kucke goen, dat héiert Der bei “Kultur am Gespréich. Cléo Thoma.

Rezent Emissiounen

  • Den éischte Weltkrich an der lëtzebuergescher Lokalgeschicht

    Eng ganz Rei Bicher sinn an deene läschte Joeren iwwert den éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg publizéiert ginn - dorënner och lokalgeschichtlech Etüden

  • 36. Concours Luxembourgeois pour Jeunes Solistes

    De Val Kravos gewënnt an der Kategorie Piano de Präis radio 100,7 a kann elo eng professionell Demo-Opnam an eisem Studio maachen.

  • Filmkritik: La belle époque vum Nicolas Bedos

    D'Truman Show trëfft op Westworld trëfft op Midnight in Paris.

  • 30 Joer Mauerfall

    E Gespréich mam Journalist an Auteur Olivier Guez, opgeholl de 24. Oktober am Institut Pierre Werner, kuerz IPW.

  • D'Luxembourg Art Week huet hir Dieren hallef opgemaach

    Nach méi grouss, nach méi Exposanten, méi Kader- a Kulturprogramm: esou annoncéiert sech déi fënneft Luxembourg Art Week an de Victor Hugo Halen.

  • CAL-Auszeechnung fir de Franz Ruf

    Mat senge Molereien, senge Gravurë wëllt de Franz Ruf Vitess aus dem Alldag eraushuelen, net ze vill zielen, an e wéineg mysteriéis bleiwen.

  • Walfer Bicherdeeg

    Fir déi 25. Editioun invitéiert d'Gemeng Walfer de 16. an de 17. November op Walfer a proposéiert e vilfältege Programm. Ënner anerem ass nees e bekannten Auteur invitéiert.

  • Den Daniel Wagener a säin "Dispositif(s)" op der Art Week

    Den Daniel Wagener huet an de Victor Hugo Halen eng Foto-Konschtinstallatioun opgeriicht, déi vum Public och als Atelier genotzt ka ginn.

  • Nei Filmer

    Eng breetgefächert Film-Offer, déi vun der Schluecht vu Midway iwwer eng Rees an d'Zombieland bis bei déi griichesch Finanzkris féiert. 

  • Filmkritik: Doctor Sleep

    Wat ass vun der Suite vum Stanley Kubrick senger Stephen King Verfilmung "The Shining" ze halen? D'Kritiker vum Grousse Kino hunn eng relativ eendeiteg Meenung.

  • "D'Finanzleit an d'Acteuren hunn d'Muecht beim Film iwwerholl"

    De franséische Realisateur Jacques Doillon iwwer d'Schwieregkeet, nach usprochsvoll Filmer kënnen ze dréinen, iwwerbezuelt Acteuren an de Manktem u Virwëtz vum Publikum.

  • Emma Braslavsky - "Die Nacht war bleich, die Lichter blinkten"

    En dystopesche Roman, deen der Realitéit ganz nokënnt.

  • Filmkritik: Sorry We Missed You

    Mat engem weideren zolitte Sozialdrama informéiert den englesche Cineast Ken Loach iwwer déi sozio-ekonomesch Entwécklungen a Groussbritannien.

  • DOK Leipzig

    Sou heescht dee gréissten däitsche Filmfestival, bei deem Documentaire- an Animatiounsfilmer aus der ganzer Welt gewise ginn.

  • Filmkritik: The King vum David Michôd

    Oder den nächste Versuch, Shakespeare mat engem nächste Beau gosse nees lackeleg ze maachen.

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen