Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Riicht eraus Spezial: Debatt iwwert d’Studiebäihëllefe mam Claude Meisch

E gudde Mount nom Schülerstreik géint Kierzunge bei de Studiebäihëllefe fuerderen d’Studentevertrieder nach ëmmer eng ëffentlech Debatt: an déi gëtt et op der Antenn vum radio 100,7!

De liberalen Éducatiounsminister Claude Meisch stellt sech dem Aktiounskomitee, der ACEL an der Schülerkonferenz CNEL. Och dobäi sinn d’Deputéiert Martine Hansen (CSV) a Justin Turpel (déi Lénk). Donieft komme Schüler a Studente mat an de Studio als Publikum a kënnen op Antenn reagéieren.

Moderatioun: Mick Entringer.

(Rediff. vu gëschter 12:03) Am Audioarchiv nozelauschtere bei der Eischt-Diffusioun.

Am Audioarchiv nozelauschtere bei der Eischt-Diffusioun.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen