Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Wann ee Conservatoire héiert dann denkt een an éischter Linn emol u Musek, wat jo och richteg ass.
Mä an engem Conservatoire gëtt awer nach méi gebuede wéi Musek, zum Beispill och klasseschen a modernen Danz, an och Diktioun an Art Dramatique.
A genee doriwwer, iwwer Diktioun, op däitsch Sprecherziehung, an iwwert den Art dramatique, op däitsch Schauspill, huet de Jean Claude Majerus sech mat der Diktiouns- an Art Dramatiques-Professesch aus dem Stater Conservatoire Michèle Clees ënnerhalen.
 

Rezent Emissiounen

  • Den éischte Weltkrich an der lëtzebuergescher Lokalgeschicht

    Eng ganz Rei Bicher sinn an deene läschte Joeren iwwert den éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg publizéiert ginn - dorënner och lokalgeschichtlech Etüden

  • 36. Concours Luxembourgeois pour Jeunes Solistes

    De Val Kravos gewënnt an der Kategorie Piano de Präis radio 100,7 a kann elo eng professionell Demo-Opnam an eisem Studio maachen.

  • Filmkritik: La belle époque vum Nicolas Bedos

    D'Truman Show trëfft op Westworld trëfft op Midnight in Paris.

  • 30 Joer Mauerfall

    E Gespréich mam Journalist an Auteur Olivier Guez, opgeholl de 24. Oktober am Institut Pierre Werner, kuerz IPW.

  • D'Luxembourg Art Week huet hir Dieren hallef opgemaach

    Nach méi grouss, nach méi Exposanten, méi Kader- a Kulturprogramm: esou annoncéiert sech déi fënneft Luxembourg Art Week an de Victor Hugo Halen.

  • CAL-Auszeechnung fir de Franz Ruf

    Mat senge Molereien, senge Gravurë wëllt de Franz Ruf Vitess aus dem Alldag eraushuelen, net ze vill zielen, an e wéineg mysteriéis bleiwen.

  • Walfer Bicherdeeg

    Fir déi 25. Editioun invitéiert d'Gemeng Walfer de 16. an de 17. November op Walfer a proposéiert e vilfältege Programm. Ënner anerem ass nees e bekannten Auteur invitéiert.

  • Den Daniel Wagener a säin "Dispositif(s)" op der Art Week

    Den Daniel Wagener huet an de Victor Hugo Halen eng Foto-Konschtinstallatioun opgeriicht, déi vum Public och als Atelier genotzt ka ginn.

  • Nei Filmer

    Eng breetgefächert Film-Offer, déi vun der Schluecht vu Midway iwwer eng Rees an d'Zombieland bis bei déi griichesch Finanzkris féiert. 

  • Filmkritik: Doctor Sleep

    Wat ass vun der Suite vum Stanley Kubrick senger Stephen King Verfilmung "The Shining" ze halen? D'Kritiker vum Grousse Kino hunn eng relativ eendeiteg Meenung.

  • "D'Finanzleit an d'Acteuren hunn d'Muecht beim Film iwwerholl"

    De franséische Realisateur Jacques Doillon iwwer d'Schwieregkeet, nach usprochsvoll Filmer kënnen ze dréinen, iwwerbezuelt Acteuren an de Manktem u Virwëtz vum Publikum.

  • Emma Braslavsky - "Die Nacht war bleich, die Lichter blinkten"

    En dystopesche Roman, deen der Realitéit ganz nokënnt.

  • Filmkritik: Sorry We Missed You

    Mat engem weideren zolitte Sozialdrama informéiert den englesche Cineast Ken Loach iwwer déi sozio-ekonomesch Entwécklungen a Groussbritannien.

  • DOK Leipzig

    Sou heescht dee gréissten däitsche Filmfestival, bei deem Documentaire- an Animatiounsfilmer aus der ganzer Welt gewise ginn.

  • Filmkritik: The King vum David Michôd

    Oder den nächste Versuch, Shakespeare mat engem nächste Beau gosse nees lackeleg ze maachen.

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen