Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Am Centre d’Information Tiers Monde huet de leschte Mëttwoch de Michael Kegler aus sengen Iwwersetzunge vu brasilianeschen Auteure virgelies – dëst am Kader vum Programm “Regards sur le Brésil”, deen nach bis an de Juli undauert. De Kegler gehéiert zu deene wichtegste Vermëttler vu portugieseschsprocheger Literatur am däitsche Sproochraum an huet bei dëser Geleeënheet e.a. de Joao Paulo Cuenco, d’Andréa del Fuego an de Luiz Ruffato virgestallt. De Frédéric Braun huet hien interviewt.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen