Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Vum 12. bis de 14. Juni ass zu Barcelona déi 21. Editioun vum Sonar Festival iwwer d’Bühn gaangen. Eng vun den Têtes d’Affiches war déi britesch Sängerin Neneh Cherry, déi sech - no engem Album mat der experimenteller, skandinavescher Jazz-Band The Thing aus dem Joer 2011 - rezent mat engem neien Longplayer zeréck gemellt huet, op deem si vum briteschen Duo RocketNumberNine begleet gëtt, an dee vum Kieran Hebden alias Four Tet produzéiert gouf. Zu Barcelona gouf den Album “Blank Project” quasi integral gespillt, mat als Kiischt um Kuch enger Versioun vun der Sängerin hirem Rap-Klassiker “Buffalo Stance”. Den Yves Stephany hat sech nom Optrëtt mam Keyboarder vu RocketNumberNine, dem Benjamin Page ënnerhal.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen