Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

De European Union Baroque Orchestra ass eng Initiativ vun der EU. Den Orchester gouf 1985 fir d’Festlechkeete vum 300. Gebuertsdag vun de Komponisten Johann Sebastian Bach, Georg Friedrich Händel an Domenico Scarlatti gegrënnt. Den Ensemble offréiert Studenten vun der Barockmusek d’Méiglechkeet, Praxis am Orchesterspill ze sammelen. Zanter 2008 ass de European Union Baroque Orchestra en Residence am Trifolion zu Iechternach. E Sonndeg trëtt en um 20.30 Auer an der Basilika op fir ee “Concert for Peace” am Kader vun de Commemoratiounen fir de Centenaire vum Éischte Weltkrich. De Guy Engels huet sech mam Dirigent vum Orchester, dem Lars-Ulrik Mortensen ënnerhal.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen