Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Haut den Owend ass am MUDAM Vernissage vun där neier grousser Ausstellung “Damage Control: Art And Destruction Since 1950”. Eng Expositioun organiséiert vum Hirshhorn Museum and Sculpture Garden, Smithonian Institution, vu Washington DC, an Zesummenaarbecht mam MUDAM an dem Universalmuseum Joanneum/Kunsthaus Graz. D’Expo gëtt, och an där doter Reienfolleg, an dësen 3 Institutioune gewisen, a mécht deemno elo, a bis den 12. Oktober, Statioun hei zu Lëtzebuerg.
Fir Kultur am Gespréich huet d’Cléo Thoma mam Russell Ferguson, Professer am Department of Art un der University of California vu Los Angeles, an ee vun den 2 Kurateure vun der Expo, geschwat.
 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen