Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Am Musée 3 Eechelen kann een d'Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg nawell ganz präzis retracéieren.
Eng Festung Lëtzebuerg déi jo verschidden Epochen hat.
An déi Epoche goufen ganz kloer vun deene markéiert, déi grad d’Soen an der Festung haten.
Soit d’Spuenier, d’Fransousen, d’Eisträicher oder och d’Preisen.
De Jean Claude Majerus huet sech mam Direkter vum Musée 3 Eechelen, Francois Reinert iwwert d’Fro: “Vu wiem dann elo am meeschte beim Lëtzebuerger hänke bliwwen ass?” ënnerhalen.
 

Rezent Emissiounen

  • Lëtzebuerger Auteuren zu Berlin

    Finaliste fir de Lëtzebuerger Buchpräis um Kick off an der Lëtzebuerger Ambassade

  • "Das Glück der kalten Tage" - Eng polnesch Fraesaga

    E Roman iwwer véier staark Fraen, wäit ewech vu Business, Frick a Shopping. En Interview mat der Autorin Martyna Bunda.

  • Nei Filmer

    Mat Vollgas iwwer de Circuit vu Le Mans, d'Erreur judiciaire Alfred Dreyfus an Techno-Beats aus Schottland.

  • Filmkritik: Adults in the Room

    Eleng géint Bëtonskäpp: De Costa-Gavras verfilmt dem fréiere griichesche Finanzminister Varoufakis säi Bericht iwwer deem seng "Verhandlunge" mam Eurogrupp.

  • Agnès Jaoui

    D'Regisseurin a Schauspillerin war dëst Joer d'Jury-Presidentin vun der 42. Editioun vum italienesche Filmfestival vu Villerupt.

  • D'Révélatioun um Hierschtsalon vum CAL: de Pit Molling

    Fir seng zwou Molereien "Unrealism" a seng Skulptur aus Bioplastik "Cloud" ass de Pit Molling vum CAL mam Prix Révélation ausgezeechent ginn.

  • Neie Schoularchiv zu Tréier op der Uni

    ​Wëssenschaftler vun der Uni Tréier baue mat Donen en Archiv fir al Schoulbicher op, fir déi lescht 200 Joer Schoulgeschicht ze erfuerschen.

  • Den éischte Weltkrich an der lëtzebuergescher Lokalgeschicht

    Eng ganz Rei Bicher sinn an deene läschte Joeren iwwert den éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg publizéiert ginn - dorënner och lokalgeschichtlech Etüden

  • 36. Concours Luxembourgeois pour Jeunes Solistes

    De Val Kravos gewënnt an der Kategorie Piano de Präis radio 100,7 a kann elo eng professionell Demo-Opnam an eisem Studio maachen.

  • Filmkritik: La belle époque vum Nicolas Bedos

    D'Truman Show trëfft op Westworld trëfft op Midnight in Paris.

  • 30 Joer Mauerfall

    E Gespréich mam Journalist an Auteur Olivier Guez, opgeholl de 24. Oktober am Institut Pierre Werner, kuerz IPW.

  • D'Luxembourg Art Week huet hir Dieren hallef opgemaach

    Nach méi grouss, nach méi Exposanten, méi Kader- a Kulturprogramm: esou annoncéiert sech déi fënneft Luxembourg Art Week an de Victor Hugo Halen.

  • CAL-Auszeechnung fir de Franz Ruf

    Mat senge Molereien, senge Gravurë wëllt de Franz Ruf Vitess aus dem Alldag eraushuelen, net ze vill zielen, an e wéineg mysteriéis bleiwen.

  • Walfer Bicherdeeg

    Fir déi 25. Editioun invitéiert d'Gemeng Walfer de 16. an de 17. November op Walfer a proposéiert e vilfältege Programm. Ënner anerem ass nees e bekannten Auteur invitéiert.

  • Den Daniel Wagener a säin "Dispositif(s)" op der Art Week

    Den Daniel Wagener huet an de Victor Hugo Halen eng Foto-Konschtinstallatioun opgeriicht, déi vum Public och als Atelier genotzt ka ginn.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Claire Thill a Frédérique Colling

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen