Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Am Kader vun hirem 5. Anniversaire invitéiert d’asbl Design Friends d’nächst Joer am Casino Lëtzebuerg-Forum d’art contemporain op déi prestigiéis Ausstellung “Resolute-Design Changes”. Ënnert der Iwwerschrëft “Add on – Luxembourg Design Scene” gëtt d’Expo mat Projete vun hei erweidert. Dowéinst hunn d’Design Friends en Appel lancéiert, fir Projeten eranzereechen. D’Cléo Thoma huet sech bei der Presidentin vun Design Friends, Nadine Clemens, informéiert.
 

Rezent Emissiounen

  • Nei Filmer

    Eng breetgefächert Film-Offer, déi vun der Schluecht vu Midway iwwer eng Rees an d'Zombieland bis bei déi griichesch Finanzkris féiert. 

  • Filmkritik: Doctor Sleep

    Wat ass vun der Suite vum Stanley Kubrick senger Stephen King Verfilmung "The Shining" ze halen? D'Kritiker vum Grousse Kino hunn eng relativ eendeiteg Meenung.

  • "D'Finanzleit an d'Acteuren hunn d'Muecht beim Film iwwerholl"

    De franséische Realisateur Jacques Doillon iwwer d'Schwieregkeet, nach usprochsvoll Filmer kënnen ze dréinen, iwwerbezuelt Acteuren an de Manktem u Virwëtz vum Publikum.

  • Emma Braslavsky - "Die Nacht war bleich, die Lichter blinkten"

    En dystopesche Roman, deen der Realitéit ganz nokënnt.

  • Filmkritik: Sorry We Missed You

    Mat engem weideren zolitte Sozialdrama informéiert den englesche Cineast Ken Loach iwwer déi sozio-ekonomesch Entwécklungen a Groussbritannien.

  • DOK Leipzig

    Sou heescht dee gréissten däitsche Filmfestival, bei deem Documentaire- an Animatiounsfilmer aus der ganzer Welt gewise ginn.

  • Filmkritik: The King vum David Michôd

    Oder den nächste Versuch, Shakespeare mat engem nächste Beau gosse nees lackeleg ze maachen.

  • Spezial: Frankfurter Buchmesse

    Eng kleng Visite op der gréisster Bicherfoire vun der Welt

  • Verlängerung vun der Superjhemp-Expo am Mierscher Literaturhaus

    Am CNL gëtt d'Ausstellung iwwer d'Geschicht vun der bekanntster BD zu Lëtzebuerg nach emol bis den 31. Januar 2020 verlängert.

  • D'Susanne von Borsody liest d'Frida Kahlo

    D'Actrice gëtt mat hirer aussergewéinlecher Stëmm dem Mythos Kahlo eng nei an onverfälschten Dimensioun.

  • "Ewige Ruhe? Was die Toten über ihr Leben verraten"

    Esou war de Konferenzenzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO de 7. Oktober iwwerschriwwen. E Fuerschungsprojet vun der Uni beschäftegt sech mam Thema.

  • Musek op Allerhellegen

    Mir proposéieren eng nei Emissioun, wou mir der Fro noginn, wéi Feierdeeg an der Musek verschafft goufen. Lass geet et muer mat Musek op Allerhellegen.

  • Den Hierschtsalon vum CAL

    Den redaktionnellen Hierschtsalon vum CAL gëtt jonk: vun de 46 selectionnéierte Kënschtler sinn der zéng ënner 35 Joer; dat ass Rekord.

  • Amerikaneschen Donateur fir de Mudam

    D'Asbl American Friends of Mudam sicht fir de Mudam an Amerika no finanzieller Ënnerstëtzung an no Donateure vun zäitgenëssescher Konscht.

  • Nei Filmer

    Siwen nei Filmer lafen dës Woch an de lëtzebuergesche Kinoen un, vläicht ass eppes fir Iech dobäi.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen