KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Mount

Den 28. Dezember 1963, viru 50 Joer, ass de Paul Hindemith gestuerwen. Hie war ee vun deenen wichtegste Komponisten, Musekstheoretiker a -Pädagogen am 20. Joerhonnert. Éischt grouss Succèsen hat den Hindemith an den 20er Jore bei den Donaueschinger Musiktage. D’Nazien hunn de Komponist als “Kulturbolschewist” gestempelt. Fir de Joseph Goebbels war den Hindemith ee “Geräuschemacher”. Den Hindemith emigréiert an Amerika. Mat sengen Operen “Mathis der Maler” an “Die Harmonie der Welt” huet hie wichteg Contributioune fir de Musekstheater geliwwert. Säi Stil siedelt sech am Spannungsverhältnis tëscht der Avantgarde an enger allgemeng zougänglecher Musekssprooch un. A sengem leschten Essai huet de Paul Hindemith den Exklusivitéitsusproch vun der Zwieleftounmusek refuséiert.
E Portrait vum Guy Engels.

  Rediff. vum 11.12.2013



 

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen