KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Januar 2014

De Jean Sibelius ass dee bedeitendste finnesche Komponist a Begrënner vun enger musekalescher Traditioun, déi haut mam Einojuhani Rautavaara an der Kaija Saariaho 2 prominent Vertrieder huet. Während seng Musek a Skandinavien, a Groussbritannien an an den USA vun Ufank u grousse Succès hat, huet et bis an d’60er Jore gedauert, éier Sibelius-Kompositiounen och an Däitschland hire Wee an de Répertoire gemaacht hunn. E Portrait vum Guy Engels.
  Rediff. vum 1.1.2014

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen