Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

De Kulturlabo “European Citizen Campus” ass eng Initiativ vun der EU an Zesummenaarbecht mat verschiddenen europäeschen Universitéiten. Ënnert dem Motto “Europäesch Identitéit duerch d’Konscht ze entdecken”, sinn dës Woch eng Rei Workshops mat Studenten aus ganz Europa gelaf. Zesumme mat der Pianistin Cathy Krier an dem Choreograph Gianfranco Celestino, hunn d’Studente probéiert Musek an Danz mat der Vermëttlung vun der europäescher Identitéit ze verbannen. D’Resultat vum Projet ass haut, Freiden 25. Juli um 5 Auer an der Banannefabrik ze gesinn. D’Anne Engels am Gespréich mam François Carbon vun der Uni Lëtzebuerg, an de Studente Michael Dennis a Valérie Reding.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen