KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Abrëll 2014

De Joseph Gabriel Rheinberger ass vrun allem fir seng Uergel- a seng Sakralmusek bekannt. Obschonns hien am 19. Joerhonnert eng vun de grousse Musekerperséinlechkeete war, gi seng Wierker haut nëmmen nach seele gespillt. De Rheinberger ass vu Vaduz am Liechtenstein gebierteg. Hie war Professer um Conservatoire zu München, wou en eng ganz Rëtsch spéider bekannt Schüler hat: den Engelbert Humperdinck, de Wilhelm Furtwängler, den Ermann Wolf-Ferrari oder och nach déi amerikanesch Komponisten George Chadwick an Horatio Parker.

  Rediff. vum 9.4.2014



 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen