Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Café Scientifique

Entwécklungen am Beräich vu Solarzellen
2007 ass aus enger TDK Europe Stiftungsprofessur “Neue Materalien für Solarzellen” de Photovoltaikslaboratoire op der Uni Lëtzebuerg entstanen. Zënterhier gëtt do un Alternativen zu de klassesche Siliziumzelle gefuerscht, woubäi déi grouss Erausfuerderung de Wierkungsgrad vun de Kollektoren ass. D’Marie-Paule Fischbach war bei d’Professorin Susanne Siebentritt, déi Informatiounen iwwer gënschteg Dënnschichtsolarzellen an nei Materalië wéi de Kesterit gëtt. Gewuer gi Dir am 2. Deel, wat ee mat Solarzellen alles ufänke kann: eng lëtzebuerger Firma liwwert hir sougenannt IPS (Independant Power System) vum Nepal bis an Tansania an déi ganz Welt, an déi technesch héichgerüst Containere kann een net nëmmen fir Stroumproduktioun, mee och als GPS Relaisstatioun oder als Waasseropbereedungsanlag asetzen.

  Rediff. vum 23.5.2014


 



 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen