KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum November 2013

De Benjamin Britten war dee bedeitendsten englesche Komponist an der 2. Halschent vum 20. Joerhonnert. Säi Wierk ass ganz breetgefächert, vu Kammermusek, iwwer Film- a Bühnemusek, bis bei Orchesterkompositiounen an Operen. Vrun allem a senge Vokalkompositioune spillt d’Thema vum “anescht sinn” eng zentral Roll. Den 22. November 2013 waren et 100 Joer, datt de Benjamin Britten gebuer gouf. E Portrait vum Guy Engels.

  Rediff. vum 13.11.2013



 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen