KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Mount Oktober

Jean-Philippe Rameau (1683-1764)
Als ee vun der groussen Theoretiker an Operekomponisten huet de Jean-Philippe Rameau d’Museksgeschicht vum 18. Joerhonnert markéiert. Nach ewell ass de Komponist am 19. Joerhonnert an de Vergiess geroden, bis sech a Frankräich eng Generatioun vu Museker (Saint-Saëns, Dukas, d’Indy) opgemaach huet, deen eegene Patrimoine nees nei z’entdecken. Mam Opkommen vun der historesch informéierter Opféierungspraxis huet seng Musek sech dunn definitiv erëm am Repertoire etabléiert. E Portrait mam Guy Engels.
 

Éier de Jean-Philippe Rameau sech 1722 zu Paräis néierléisst a Carrière um Haff zu Versailles mécht, huet en zu Avignon, Clermont-Ferrand, Dijon a Lyon seng Kuuscht als Organist verdéngt. Als Komponist huet e sech awer vrun allem fir den Cembalo interesséiert. Dem Rameau seng Musek fir den Cembalo ass de Schwéierpunkt am zweeten Deel an eisem Portrait iwwert de Komponist vum Mount Oktober.  

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen