World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

World

World mat haut engem gemëschte Programm, deen eis duerch Sud-Afrika féiert bis hin zu de Fusiouns-Kläng vun Abaji.
Abaji ass e Museker mat armeneschen Originnen, den am Libanon gebuer ass an 1976 an den Exil a Frankräich gaang ass. Seng Particularitéit ass déi datt en sech mat ongewéinlechen Instrumenter ausdréckt, déi e virtuosenhaft spillt, dorënner eng Zort Gittar-Sitar, déi speziell fir hien entworf gin ass an déi e mat engem Archet spillt. Esou transforméiert dës sech an eng orientalesch Gei!
Eng Emissioun vum Cynthia Hornick
(Rediff. vu méindes, 15:00)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen