World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

World

World mat haut engem gemëschte Programm, deen eis duerch Sud-Afrika féiert bis hin zu de Fusiouns-Kläng vun Abaji.
Abaji ass e Museker mat armeneschen Originnen, den am Libanon gebuer ass an 1976 an den Exil a Frankräich gaang ass. Seng Particularitéit ass déi datt en sech mat ongewéinlechen Instrumenter ausdréckt, déi e virtuosenhaft spillt, dorënner eng Zort Gittar-Sitar, déi speziell fir hien entworf gin ass an déi e mat engem Archet spillt. Esou transforméiert dës sech an eng orientalesch Gei!
Eng Emissioun vum Cynthia Hornick
(Rediff. vu méindes, 15:00)

Rezent Emissiounen

  • Mier a Wellen

    Trennt d'Mier oder verbënnt et? Musikalesch schléit d'Mier heiansdo méi, mä och emol manner héich Wellen ...

  • Oum in concert

    Déi marokkanesch Sängerin mat Band, opgeholl d'lescht Joer an Däitschland.

  • Orientalesch ënnerwee

    Eng musikalesch Rees aus dem ale Persien bis an de Maghreb

  • Dhafer Youssef

    Den tuneseschen Oud-Spiller mat de ville musikalesche Facetten trëtt de 26. November an der Philharmonie op. 

  • Kuba

    Eng musikalesch Rees an d'Karibik, mat villen neien Opnamen

  • Three Letters From Sarajevo - Goran Bregovic

    Nei Variatiounen op traditionell Balkan-Téin an e Bléck an d'Vergaangenheet vum renomméierte Museker.
     

  • Irland, Schottland, d'Orkney Inselen ...

    Aktuell Produktiounen vun der britescher Insel ... mat engem Ofstiecher op d'Inselen ganz uewen un der Nordspëtzt ...

  • Buenos Aires

    E musikalesche Bléck op déi argentinesch Haaptstad, déi nach ëmmer Mënschen a Kulturen ugezunn huet ...

  • India Meets Europe an aner Kooperatiounen

    Sittaren an Tablas zesumme mam Jazzsaxophonist Damien Prudhomme an dem Drummer Jeff Herr - déi Escher Kulturfabrik ass d'Bühn dofir.

  • D'musikalesch Welt vun de Sephardim

    Als Sepharde bezeechne sech d'Judden an hir Nokommen, déi am Mëttelalter bis 1513 op der iberescher Hallefinsel gelieft hunn.

  • Modestine, Sofia, Carminho ...

    D'Aktualitéit op de Concertsbühnen vun der Kulturfabrik, (Modestine Ekete), dem CAPE (Sofia Ribeiro) an der Philharmonie (ë.a.Carminho)

  • Nei + Al

    E neie Numm aus der Schwäiz, dräi confirméiert Nimm aus der Zeen: d'Maria Gutierrez ass a beschter Häre-Gesellschaft ...

  • Afrika Yé!

    Nei Publikatioune vum afrikanesche Kontinent an e Bléck op de Label Real World vum Peter Gabriel

  • World Jukebox

    Bougéieren ass erlaabt - mol ass de Rhythmus méi beschwéngt, mol méi relax ... eng Dose Kompositioune vu ronderëm dem Globus.

  • Ënnerwee am klenge Kaukasus - tëscht dem Schwaarzen a Kaspesche Mier

    Op der aler Seidestrooss op der Sich no faszinéierende Kläng aus Georgien, Armenien an Aserbaidschan.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdesmagazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen