
Big Band "Opus 78"
1978 ass d'Big Band Opus 78 gegrënnt ginn. 2018 gi 40 Joer gefeiert. Zu Besuch am Moies-Magazin sinn de Saxophonist Jérôme Fellerich an den Trompettist Gilles Burgund.
1978 ass d'Big Band Opus 78 gegrënnt ginn. 2018 gi 40 Joer gefeiert. Zu Besuch am Moies-Magazin sinn de Saxophonist Jérôme Fellerich an den Trompettist Gilles Burgund.
Piratenattacke géifen zu engem méi grousse Problem ginn, seet déi international Handelskummer. 65 Attacke goufen et an den éischten dräi Méint dëst Joer. Viru Westafrika ass de Problem am gréissten.
Invitéen am "Riicht Eraus Spezial" iwwer déi drëtt Referendumsfro waren de Claude Adam (déi gréng), de Serge Urbany (déi Lénk), de fréieren CSV-Minister Marc Fischbach an de Marc Goergen (Piratepartei).
“Kee Land huet esou Freeporten oder Fräihandelszonen, déi esou e robuste juristesche Kader wéi mir hunn.” Esou verdeedegt den Direkter David Arendt de Freeport géint Kritik, um Findel géinge kromm Geschäfter lafen.
Et wier falsch ze behaapten, datt hien d’Partei géing dominéieren, seet de Sven Clement. “Dominant an der Baussenduerstellung jo, dominant an der Innenaarbecht manner”, esou de President vun de Piraten.
Ginn d'Proposë vum Justizminister der ASTI wäit genuch? Zum Deel, seet d'Laura Zuccoli. D'Presidentin vun der Auslännerassociatioun wënscht sech, datt vill Auslänner kënne Lëtzebuerger ginn
Scho viru senger Sortie huet "Eng nei Zäit" vill vu sech schwätze gedoen. Elo ass de Film an de Kinoe – an hält wat e versprécht. Mat staarke Biller a mat enger Geschicht déi et a sech huet.
Et war anescht wéi d’Joere virdrun. Den iranesche Kulturministère huet d’Buchmesse boykottéiert, well de Salman Rushdie d’Ouverturesried gehalen huet. D'Meenungsfräiheet war dëst Joer ee wichtege Sujet.
12 bis 15 Prozent vun der Populatioun hei am Land leiden un enger “Dys”. Dat heescht si hu Léierschwieregkeeten. Eng 1.200 Schüler kréien a spezialiséierten Institutiounen déi néideg Ënnerstëtzung.
Den Direkter vum Retentiounszenter Vincent Sybertz rechent domadder, datt déi meescht nei Asyldemandeuren international Protektioun kréien an den Zenter dowéinst net méi wäert belaascht ginn.
E Webinar, zesumme mam SCRIPT, iwwer Participatioun, Schutz a Fërderung vun de Kannerrechter an der Schoul
An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.
Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen