arrow_back_ios
Album vun der Woch
Autumn Sweater - Adult Life
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

Poppegen Indierock made in Éislek: op hirem zweeten Album “Adult Life” séngt déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater iwwer d’Erwuessesinn an Observatiounen aus dem Alldag. Eng Portioun waarm Gittarkläng fir déi kal Joreszäit. De Max Tholl zielt Iech méi.
mic_none
Presentéiert vum
- Max Tholl
Episoden

Beirut - "Hadsel"
Sakral Téin vun enger Uergel verschmëlze mat elektroneschen Drums a Synthesizer. Ee Sprong tëschent nei an al, deen net nëmmen op musikaleschem Niveau geléngt.

ML Buch - Suntub
Iergendwou tëschent Joni Mitchell, 90s Rock an Avant-Pop: “Suntub” vun der ML Buch iwwerzeegt duerch subtil Komplexitéit.

Black Pumas - "Chronicles of a Diamond"
Op der neier Plack, déi souzesoen een zweeten Debut ass, dréit sech erëm alles ëm Soulmusek. Mee d’Songs sinn dës Kéier ee gutt Stéck méi eegen.

Meernaa - So Far So Good
“So Far So Good” ass den Ausdrock vun der Lässegkeet, déi dësen Album duerchzitt. Neosoul trëfft hei op Dreampop an Indiefolk. Verdreemte Lyrics op gebrachen Häerzer.

Jamila Woods - Water Made Us
Op hirem drëtten Album "Water Made Us" iwwerzeegt déi amerikanesch Musekerin Jamila Woods mat Introspektioun, déi groovt.

Braake - Kann ja alles sein
Dës Schoulkolleege vu Berlin kommen op hirem Debut eng däischter Niewestrooss vum däitsche Pop erofgelaf ... a ginn dobäi net op d’Sabbel.

Häerzerwiermend a gespenstesch
“Flying Wig” ass de mëttlerweil eeleften Studioalbum vum Singer-Songwriter Devendra Banhart, an op dësem presentéiert hie sech nees gewinnt verspillt a verdreemt.
Mitski - The Land Is Inhospitble And So Are We (Dead Oceans)
Radikal Léift
Et bleift alles anescht
Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.
