Album vun der Woch
White Denim - 12
11 min

White Denim kënnen engem wierklech e Laachen op d’Gesiicht zauberen. Hir sonneg, mee dacks e bësse vertrackte Musek gëtt vun deenen engen als Southern Rock, vun deenen aneren als Blue Eyed Soul bezeechent, mee si klenge weder wéi ZZ Top nach wéi Simply Red. Donieft spille si hir Instrumenter wéi Championen a fäerten och net, dat ze weisen. Virtuos! Hir nei Plack heescht “12” a bleift an der Kontinuitéit vun hirer Diskografie bis elo, mee net ouni neien Territoire ze erschléissen - an dat ass näischt Schlechtes.
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden

Black Pumas - "Chronicles of a Diamond"
Op der neier Plack, déi souzesoen een zweeten Debut ass, dréit sech erëm alles ëm Soulmusek. Mee d’Songs sinn dës Kéier ee gutt Stéck méi eegen.

Meernaa - So Far So Good
“So Far So Good” ass den Ausdrock vun der Lässegkeet, déi dësen Album duerchzitt. Neosoul trëfft hei op Dreampop an Indiefolk. Verdreemte Lyrics op gebrachen Häerzer.

Jamila Woods - Water Made Us
Op hirem drëtten Album "Water Made Us" iwwerzeegt déi amerikanesch Musekerin Jamila Woods mat Introspektioun, déi groovt.

Braake - Kann ja alles sein
Dës Schoulkolleege vu Berlin kommen op hirem Debut eng däischter Niewestrooss vum däitsche Pop erofgelaf ... a ginn dobäi net op d’Sabbel.

Häerzerwiermend a gespenstesch
“Flying Wig” ass de mëttlerweil eeleften Studioalbum vum Singer-Songwriter Devendra Banhart, an op dësem presentéiert hie sech nees gewinnt verspillt a verdreemt.
Mitski - The Land Is Inhospitble And So Are We (Dead Oceans)
Radikal Léift
Et bleift alles anescht
Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.
