Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Aquatic Museum - Large Pleasure Watercraft

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aus dem Liewen

100komma7.lu / Aus dem Liewen

/ GERO Kompetenzzenter fir den Alter

GERO Kompetenzzenter fir den Alter

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

D’Associatioun GERO, mam Accord vum Familljeministère, setzt sech zu Lëtzebuerg fir Senioren a Seniorinnen an, awer ouni als Lobby ze agéieren. Anescht wéi associativ Gruppementer vun eelere Leit fokusséiert GERO sech op Etuden a Projeten, déi d‘Wuel vun eelere Leit verbessere sollen. Mat enger ëmmer méi grousser Zuel vun eelere Leit gëtt d’Nofro no Participatioun an enger staarker Stëmm ëmmer méi wichteg.
Obwuel vill Senioren a Benevolat-Projeten aktiv sinn, geet d’politescht Engagement zeréck, méiglecherweis well vill zefridde sinn a kee Grond gesinn, sech anzebréngen. Besonnesch beim Theema Pensioun feelt et un enger direkter a staarker Stëmm vun den eelere Leit selwer, déi hire Standpunkt an Debatten abrénge kënnen. Andeems d’Senioren a Seniorinne sech besser organiséieren, kéinte si hir Bedierfnesser méi kloer zum Ausdrock bréngen an hiren Afloss op sozial a politesch Entscheedunge stäerken. Explikatioune vum Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter (www.gero.lu)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

KJT Kannerjugendtelefon

Iwwer d’Ängschten ze schwätzen helleft se besser ze verstoen an ze léieren wat hannendru stécht. Hannendrun stécht ëmmer eng Uersach, en Ausléiser.
headphones

9 min

play_arrow

Plomm Kannermusée

De Bam vun de Geschichten ass net nëmmen eng Installatioun, déi zum Entdecken aluet, mee soll och d’Kanner op d’Theema Frëndschaft uschwätzen, hir Imaginatioun fërderen a gesellschaftlech Sujeten uräissen.
headphones

6 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Kinder und Jugendliche kommen immer früher mit Pornografie in Kontakt - oft unbeabsichtigt, aber auch aus Neugier. Was bedeutet das für ihre sexuelle Entwicklung, ihr Selbstbild und ihre Beziehungen?
headphones

8 min

play_arrow

CID Fraen an Gender

Wien oder wat ass d’JIF?
headphones

6 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

D'Famill gëtt méi grouss - Geschwëster - 1/2
headphones

7 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Grousseltere sinn huet sech am Laf vun de Joerzéngten duerch d‘Changementer an eiser Gesellschaft vill verännert. Wéi fanne Grousselteren haut hir Plaz a wéi eng Grousseltere wëlle si sinn? - 1/2
headphones

8 min

play_arrow

natur musée

Zanter iwwer 30 Joer ass den natur musée och op Rieder ënnerwee, mam Natur Mobil.
headphones

6 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter / Club Aktiv Plus

Déi verschidden Aktivitéite vun de Clibb Aktiv Plus
headphones

4 min

play_arrow

Familljen-Center

Koppeltherapie ass ee wichtege Fokus an der Aarbecht vum Familljen-Center. An deem Beräich begleede si Koppele mat hire Suergen, mam Zil e gudden Ëmgang mat hirer Bezéiungssituatioun ze fannen. - 2/2
headphones

6 min

play_arrow

ErwuesseBildung

Konscht, wat soll dat? En neie Projet a Workshop an der EwB
headphones

4 min

play_arrow

KJT Kannerjugendtelefon

Wat ass Sexting, a wat fir Risike kënnen hei laueren?
headphones

6 min

play_arrow

Kannermusée PLOMM

Op siwe Meter Héicht bitt de Bam vun de Geschichten allerlee Aktivitéiten. Vun engem Labyrinth an de Wuerzele bis hin zu engem Bamhaus an engem Nascht an der Kroun vum Bam
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Sougenannt KI-Begleeder ginn ëmmer méi populär grad och bei Jugendlechen. Et ginn zwar och Virdeeler, mee se bidden awer och vill Risiken.
headphones

8 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Klein aber oho! CID | Fraen an Gender gëtt méi grouss (net nëmmen) fir déi Kleng
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung.

Wéi kënne Elteren sech selwer ënnerstëtzen, roueg an empathesch mat senge Kanner ëmzegoen ouni Zoddi an Gejäiz?
headphones

8 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Den Ënnerscheed tëschent Fräispill a geleetem Spill. Mir kucken, wéi een an der Hellewull vu Spiller e Choix kann treffen, a wat eng gutt Spillsaach ass - 2/2
headphones

6 min

play_arrow

natur musée

Wat ass eigentlech Biodiversitéit a wéi hänkt Biodiversitéitskris mat der Klimakris zesummen?
headphones

7 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter / Club Aktiv Plus

Aus dem Club Senior gëtt de Club Aktiv Plus
headphones

9 min

play_arrow

Familljen-Center

Koppel-Therapie ass ee wichtege Fokus an der Aarbecht vum Familljen-Center. An deem Beräich begleede si Koppele mat hire Suergen, mam Zil e gudden Ëmgang mat hirer Bezéiungssituatioun ze fannen. - 1/2
headphones

9 min

play_arrow

Erwuessebildung

Was Kinder im Winter mit der Familie in der Natur erleben können
headphones

7 min

play_arrow