Änlech wéi de Klimapakt opgebaut, ziilt den Naturpakt mat Hëllef vun engem definéierte Mesurëkatalog op sechs Themeberäicher of, déi sech net nëmmen op kommunal Terraine limitéieren. Duerch hir Virbild-Roll kann d’Gemeng och hir Bierger motivéierte, fir op eegenem Besëtz oder als Member am Naturpakt-Team aktiv ze ginn..
Allgemeng staffelen sech déi 77 Mesure op d’Beräicher vum allgemengen Naturschutz, Siidlungsraum, Oppeland, Waasser, Bësch a Kommunikatioun & Kooperatioun. Bei de Mesure gëtt meeschtens an éischter Linn den Ist-Zoustand analyséiert an dono entspriechend Mesuren zesumme mat bedeelegten Acteure jee no Méiglechkeete geplangt an ëmgesat ginn.
Wouranner läit den Ënnerscheed tëscht dem Natur- a Klimapakt?
Wéi genee kann een sech als Bierger an ee Pakt erabréngen?
Den Naturberoder vum SIAS, Xavier Pétry ass am Studio fir op des an aner Froen ze äntweren.