Radioen

On air

E-Lodie  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ Mitsuko Uchida trëfft op Beethoven a Schönberg

Mitsuko Uchida trëfft op Beethoven a Schönberg

Dem Ludwig van Beethoven seng Piano Concertoe gehéieren zum meescht gespillte Repertoire ënner de grousse Pianistinnen a Pianisten, an eng dovun ass déi japanesch-englesch Pianistin Mitsuko Uchida. Och mat 76 Joer ass si ëmmer nach ganz aktiv op de Weltbünen, verstoppt awer och net hir Begeeschterung fir deen dach ëmstriddene Komponist Arnold Schönberg. Dëse steet direkt am Ufank vun dësem Concert mat engem Wierk um Programm, dat dem Komponist seng ganz eegen Technik beim Veraarbechte vu Motiver opweist. Mee och d'Pianistin huet sech nach eng kleng Nummer vum Schönberg als Encore erausgesicht. Da steet och de Romantiker Johannes Brahms um Programm, dëst mat engem vu sengen alleréischten orchestrale Wierker. Wéi eent dat ass, dat héiert Dir an dësem Concert mam Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin, zesumme mat sengem Dirigent Vladimir Jurowski an der bekannter Pianistin Mitsuko Uchida.

Lauschtere kënnt Dir dëse Concert nach bis den 18. Mäerz 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7.


Programm:

- Arnold Schönberg (1874-1951): Thema a Variatiounen, op.43b

- Ludwig van Beethoven (1770-1827): Piano Concerto No. 3 an Do mineur, op.37

- Johannes Brahms (1833-1897): Serenade Nr. 1 a Re Majeur, op.11


Interpreten:

- Mitsuko Uchida, Piano

- Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin

- Vladimir Jurowski, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Wierker vun Elgar, Wennäkoski a Sibelius

Den Deutsches Symphonie-Orchester Berlin ënner der Leedung vum Robin Ticciati

E monumentale Requiem

Dem Giuseppe Verdi seng “Messa da Requiem” mam Choeur de Chambre de Luxembourg

Alle Menschen werden Brüder

Ganzer siwe Komponisten a Wierker presentéieren d'Solistes Européens, Luxembourg an engem Concert.

De Vadim Gluzman mat den SEL

Concert mam Motto "Im Osten viel Neues" vum 30. September 2024 an der Philharmonie

Tosca vu Puccini

Dëst Joer gëtt un dem Giacomo Puccini säin 100. Doudesdag erënnert.

Ee Quintett an zwee Quartetter

E Quintett mat engem Dirigent um Kontrabass

Zwee tschechesch Komponisten

Musek vu Smetana a Janácek

Vu Mozart bis Piazzolla

Vun der Wiener Klassik, iwwer Max Bruch an Nino Rota bis an déi verschidde Joreszäite vu Buenos Aires, mat dräi Enseignanten aus dem Ettelbrécker Conservatoire

Eng Sinfonie vun de Superlativen

D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen dem Gustav Mahler seng 1. Sinfonie a Re majeur ënner der Baguette vum Tugan Sokhiev.

Grousse Kino am Concertssall

Hollywood Musek aus "Gladiator", "Matrix", "Cast Away" a villes méi

Martha! E Concert mat groussen Nimm

Déi grouss Pianoslegend Martha Argerich spillt dem Beethoven säin éischte Concerto fir Piano.

Vu Mozart bis Piazzolla

Vun der Wiener Klassik, iwwer Max Bruch an Nino Rota bis an déi verschidde Joreszäite vu Buenos Aires, mat dräi Enseignanten aus dem Ettelbrécker Conservatoire

Julia Fischer an der Kölner Philharmonie

Déi weltberüümt Geiistin spillt zesumme mam WDR Sinfonieorchester

Ganz am Zeeche vum Richard Wagner

De Symphonieorchester vum Schweedesche Radio ënnert der Leedung vum Leopold Hager

Ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek

Mam Sylvain Cambreling steet ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek virum WDR Sinfonieorchester, mat ganz verschiddene Stécker ...

Clarinet and Company

Ee Concert-apéritif mat fënnef Museker:innen vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Si presentéiere Wierker fir Klarinett a Sträicher.

Summerconcert 2024 vum ONJ

Vun Danzmusek vum Bartók bis Filmmusek vum Korngold

Musek vun Debussy, Britten, Saint-Saëns an Zdunik

Concert vum Nationale Symphonieorchester vum Polnesche Radio

Concert

Eng Hommage un de Fauré an den Dubois

Ee Concert mam Jean Muller a Sebastian Bohren

Den Ofschlossconcert am Kader vun enger Concertserie mat Gesamtopféierunge vum Franz Schubert senge Geiesonaten