Radioen

On air

Notturno  |  Sun Glitters - A Dragonfly In The City

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ Musique pour faire plaisir

Musique pour faire plaisir

D'Wierk "Carnaval des Animaux" hu mir enger Aluedung bei Kolleegen ze verdanken. Fir dëst Fest huet de Saint-Saëns säi kuriéiste Wierk geschriwwen. Aus dëser musikalescher Laun ass duerno séier e Klassiker aus dem Kammermusek-Repertoire ginn.
Dem Saint-Saëns sengem "Carnaval des Animaux" huet de katalanesche Komponist Albert Guinovert elo e Pendant mat där selwechter Besetzung géigeniwwer gestallt: "Le Cortège des Animaux". Hei stolzéiere verschidden Déierenzorten an engem Cortège laanscht, wéi zum Beispill Schlaangen, Hinger, e Karussellpäerd an esouguer en Ochs an en Iesel an enger Krëppchen.
Nieft dësen zwee Wierker sinn och nach zwee Kammermusek-Wierker vum Francis Poulenc ze héieren.

Dëse Concert gouf den 21. Juli um Pau Casals International Music Festival opgeholl ginn. Dir kënnt de Concert bis de 26. Mäerz 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Programm:
Francis Poulenc (1899-1963): Sonat fir Klarinett, FP 184
Camille Saint-Saëns (1835-1921): Le Carnaval des animaux
Francis Poulenc (1899-1963): Sonat fir Flütt, FP 164
Albert Guinovart (*1962) Le Cortège des animaux

Interpreten:
Paul Mayer, Klarinett
Magall Mosnier, Flütt
Patricia Cordero an Maria Tió, Gei
Ferran Bardolet, Cello
Jorge Toledo, Kontrabass
Eric le Sage an Albert Guinovart, Piano

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

E Bléiserquintett an der Salle de Musique de Chambre

Um Programm: Wierker vum Zemlinsky, Haas a Brahms.

Indian Summer

E Concert aus der Philharmonie mam OCL, der Geiistin Alena Baeva an der Dirigentin Chloé van Soeterstède.

Een Owend mat Tchaikowski

Manfred-Sinfonie: Russesch Romantik, déi an de Concertssäll zu senger Zäit fir vill Begeeschterung gesuergt huet.

Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

Ee Concert mam Leipziger Gewandhausorchester.

De Rising Star Sào Soulez Larivière

Huelt mat eis Plaz am 100,7 Concertssall a lauschtert de Concert vum jonke Braatschist Sào Soulez Larivière. Mat Commentaire vum Lex Kauffmann

E grousse südkoreanesche Pianist an der Philharmonie

De Seong-Jin Cho spillt zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker Wierker vu Ravel, Chostakovich a Prokofiev

Däitsch Romantik

De Benedikt Wesner an de Philippe Beaujot interpretéiere Liederzykle vu Schumann a Brahms.

"Klangrausch"

Den RIAS Kammerchor an d'Capella de la Torre interpretéiere Wierker, déi am 16. a 17. Joerhonnert fir de Petersdoum zu Roum an de Markusdoum zu Venedeg geschriwwe goufen.

Eng Konfrontatioun tëscht Harf an Orchester

Huelt Plaz am 100,7 Concertssall a lauschtert ee Concert vum Orchestre de la Suisse romande ënnert der Direktioun vum Jonathan Nott. Duerch de Concert guidéiert den Remy Franck.

Däitsch Romantik

De Benedikt Wesner an de Philippe Beaujot interpretéiere Liederzykle vu Schumann a Brahms.

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

Vu Korngold iwwer Bartók bis Boulanger

Den Alpesh Chauhan an den Andris Poga dirigéieren den Nationale Sinfonieorchester vun der italieenescher RAI.

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

Mozart made in Manchester

Huelt zesumme mam Joachim Fontaine Plaz am radio 100,7- an opus 100,7-Concertssall a genéisst dëse Concert vu Manchester.

Strauss, Bruch a Wagner

En däitsche Komponisten-Trio am Géigesaz zu der franséischer Komponistin Mel Bonis.

Bach, Barock a Berlin? Net nëmmen!

De Rundfunk-Sinfonieorchester vu Berlin spillt Musek vum Bach, mee och Rameau an Händel a weist Gespier fir d'Barockmusek. Och dobäi ass d'Klassik mat der "Militärsinfonie" vum Georg Friedrich Händel.

E Lëtzebuerger Rising Star: Benjamin Kruithof

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof steet bei dësem Concert am Mëttelpunkt. Den 1. Oktober 2024 ass hien an der Serie Rising Stars an der Philharmonie opgetrueden, zesumme mam Pianist Marco Sanna.

Au seuil de l'avent 2024

Ee Concert ganz am Zeeche vum Anton Bruckner

Auf der gleichen Saite

Aus der Rei vun de Concert-apéritif vun de Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker héiert Dir de Concert “Auf der gleichen Saite”.