Déi gutt Noriicht
Gëtt et Liewen um Mars?
4 min
Déi Fro beschäftegt Mënschen an d'Wëssenschaft scho laang. Den NASA Rover Perseverance huet méiglech Beweiser vu mikrobiologeschem Liewen um Mars entdeckt.
Astrobiologe si besonnesch begeeschtert iwwer Flecken op Fielsen, déi u Leopardeflecken erënneren, mee elo stellt d'Fro sech wéini d'Prouwen op d'Äerd zeréckkommen.
Dës ass eng spektakulär Decouverte a gouf no un engem Flossbett gemaach an deit op Liewen hin, dat op Milliarde Joer zeréckgoe soll.
Anscheinend wiere cheemesch Strukturen an engem Knëppelsteng entdeckt ginn, déi virdru Kolonisatioun vu Mikrobe kéinte weisen.