Raus aus dem Klimaofkommes, raus aus der Weltgesondheetsorganisatioun - et gouf direkt um éischten Dag vum Donald Trump senger neier Legislaturperiod eng ganz Partie Annoncen, déi een direkten Impakt op déi europäesch Politik wäerten hunn. Nach huet den neie Chef zu Washington keng Stroftaxen ugekënnegt - sécher eng vun de Mesuren, déi am meeschten Impakt op d’Europäesch Unioun hätt. Eng Europäesch Unioun, déi sech bis elo mat Reaktiounen zeréckhält an éischter schéngt wëllen ofzewaarden, wéi ze fréi ze schéissen.
arrow_back_ios
Europa Aktuell
Neien Donald Trump: EU reagéiert zeréckhalend
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Daniele Weber
Episoden

Kritt den neie franséische Premier seng Politik ëmgesat?
Dat froe mir eise Korrespondent Max Tholl.

Déi brittesch Regierung setzt op KI
Si soll d'Wirtschaft ukuerbelen. Et ginn awer nach vill Bedenken iwwert d'Technologie an och de Finanzplang vun der Regierung

Mark Rutte am EU-Parlament: Zwee Prozent ass bei Wäitem net genuch
De Mark Rutte stellt sech hannert d'Fuerderung vum Donald Trump, datt d'EU muss méi fir d'Defense ausginn.
Panik zu Bréissel
Et ass verdächteg roueg zu Bréissel. Déi europäesch Kommissioun hannerléisst de Moment den Androck vun Iwwerfuerderung, kuerz ier den Donald Trump an den USA erëm d’Soe kritt, analyséiert den Olivier Hanrion.

Elon Musk an AfD: EU-Kommissioun huet nach keng Äntwert
D’Europäesch Kommissioun enquêtéiert, seet awer net, wéini mat engem Resultat ze rechnen ass.
Wéi analyséiert de Charel Goerens d'Perspektiv vun engem rietspopulistesche Kanzler an Éisträich?
Fir d'éischte Kéier kéint an Éisträich ee Rietspopulist Kanzler ginn. Dozou en Interview mam Europadeputéierte Charel Goerens

Regierungsbildung an Éisträich
Mir schwätze mat der Katja Arthofer, der Journalistin fir Innepolitik beim ORF, iwwer d'Regierungsbildung an Éisträich.

Elon Musk kritiseiert brittesch Regierung
Den Elon Musk kritiséiert déi brittesch Regierung an de Premier Keir Starmer.
Wat kënnt 2025 op Portugal duer?
Politeschen Ausbléck

Wat kënnt 2025 op Frankräich duer?
No engem turbulenten an opreegenden 2024 fänkt Frankräich dat neit Joer do un, wou dat aalt opgehalen huet: an der politescher Kris.

Inquiétude au Portugal sur l'audiovisuel public
Le gouvernement portugais voudrait supprimer la publicité sur les chaines de la Télévision publique RTP. Mais l’opposition toute entière s’est opposée à la décision à l’assemblée.

Belsch: Angscht ëm Pressefräiheet
Eigentlech per Gesetz a Verfassung garantéiert, koum et an de leschte Méint ëmmer nees zu Geriichtsaffären, wou versicht gouf, der Press hiert Recht op Informatioun(sverbreedung) ewechzehuelen.

Belsch: Angscht ëm Pressefräiheet
Eigentlech per Gesetz a Verfassung garantéiert, koum et an de leschte Méint ëmmer nees zu Geriichtsaffären, wou versicht gouf, der Press hiert Recht op Informatioun(sverbreedung) ewechzehuelen.

EU-Walen 2024: D'Droite baut hir Positioun aus
Méi wéi ee Véierel vun de 720 EU-Deputéiert gehéieren enger vun den dräi rietse Fraktiounen un. Dat sinn der méi wéi jee virdrun.
