Raus aus dem Klimaofkommes, raus aus der Weltgesondheetsorganisatioun - et gouf direkt um éischten Dag vum Donald Trump senger neier Legislaturperiod eng ganz Partie Annoncen, déi een direkten Impakt op déi europäesch Politik wäerten hunn. Nach huet den neie Chef zu Washington keng Stroftaxen ugekënnegt - sécher eng vun de Mesuren, déi am meeschten Impakt op d’Europäesch Unioun hätt. Eng Europäesch Unioun, déi sech bis elo mat Reaktiounen zeréckhält an éischter schéngt wëllen ofzewaarden, wéi ze fréi ze schéissen.
arrow_back_ios
Europa Aktuell
Neien Donald Trump: EU reagéiert zeréckhalend
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Daniele Weber
Episoden

Iratxe Garcia Perez: “EVP muss verstoen, datt mir eng pro-europäesch Majoritéit hunn”
D’Cheffin vum Grupp vun den Europäesche Sozialisten justifiéiert hir Approche an de Verhandlungen iwwer déi nei EU-Kommissioun. Am Numm vun der Stabilitéit an der EU hätt ee misse Konzessioune maachen.

Bundestag stëmmt iwwer Vertrauensfro of
Deen däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz stellt sech den Deputéierten zu Berlin. Kritt hien d'Vertrauen entzunn, dann ass de Wee fräi fir Neiwalen.

EU a syresch Flüchtlingen: "Fräiwëlleg Retouren als éischte Schrëtt"
Een europäesche Plang iwwer den Ëmgank mam syresche Flüchtlinge gëtt et nach net. Et gëtt awer schonn iwwer Retoure geschwat.

EZB-Leetzëns: Gaston Reinesch erwaart weider Zënsbaissen
De Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch erwaart sech eng weider Baisse vun der Inflatioun an de Leetzënse bis ufanks vum Fréijoer d'nächst Joer.

Nach ëmmer keen neie Premier
Frankräich waart op d'Decisioun vum President Marcron. Wat denkt d'Deputéiert Isabelle Rauch (aus der Moselle) iwwer déi ablécklech Situatioun?

Wie gëtt nächste Premier a Frankräich?
Mir froen eise Paräis-Korrespondent, wien als neie Premier oder Premier-Ministesch a Fro kënnt, a wat passéiert, wann hien oder si bis ernannt ass.

Debatten iwwer d'Réckféierung vu Syrer an Däitschland
Déisäits der Musel liewe knapp eng Millioun Syrer, wéi geet et elo fir si weider?

Hansen trëfft Hansen
Nom éischten Agrarminister-Conseil mam Martine a Christophe Hansen steet fest: D'Lëtzebuerger Landwirtschaftsministerin setzt grouss Hoffnungen an deen neien EU-Agrar-Kommissär.

Europaparlament: Kemp ersetzt Hansen
Et ass scho fir déi zweete Kéier, datt déi 30 Joer jonk CSV-Politiker Martine Kemp fir de Christophe Hansen noréckelt. Si ass fir en Interview live am Moiesstudio.

Mercosur: Ofschloss vu Verhandlungen trotz Nee vu verschiddene Memberlänner
D'Kommissiounscheffin ass op Montevideo gereest, fir d'Verhandlunge vum Handelsaccord mat de Mercosur-Länner ofzeschléissen. Ob deen Accord majoritär vun EU-Parlament a Memberstaaten ugeholl gëtt, ass nach onkloer.

Wat sinn dem Emmanuel Macron seng Optiounen?
Nodeems déi aktuell Regierung a Frankräich gestierzt gouf, ass et elo d'Sich no engem neien Numm fir de Premierposten an enger Regierungskonstellatioun, déi mei Stabilitéit bréngt.

Fëmmen: Keng nei Verbueter zu Lëtzebuerg virgesinn
D’EU-Länner recommandéiere méi streng Reegele géint d’Fëmmen - virun allem dobaussen. Lëtzebuerg steet dohannert, huet awer net wëlles national Gesetzer ze änneren, seet d’Gesondheetsministerin Martine Deprez.
D'Regierung Barnier virum Aus
Warscheinlech gëtt e Mëttwoch an der Assemblée nationale eng Motion de censure vun der Gauche an dem RN ugeholl. Explikatioune vum Max Tholl, dem 100,7-Korrespondent a Frankräich.
Fernand Kartheiser: “Ech fille mech wuel a menger Fraktioun”
D’Positioun vum Fernand Kartheiser iwwer de Konflikt an der Ukrain widdersprécht där vun der ECR a läit méi no bei där vun de “Patriote fir Europa”. Ee Wiessel ass fir de Moment net virgesinn, mee och net ausgeschloss.

Fernand Kartheiser: “Ech fille mech wuel a menger Fraktioun”
D’Positioun vum Fernand Kartheiser iwwer de Konflikt an der Ukrain widdersprécht där vun der ECR a läit méi no bei där vun de “Patriote fir Europa”. Ee Wiessel ass fir de Moment net virgesinn, mee och net ausgeschloss.

"De Poste vum Vizepresident gëtt iwwerschat"
De Christophe Hansen ass als Agrarkommissär dem Italieener Raffaele Fitto ënnerstallt. Dat mécht him awer keng grouss Suergen, seet hien am 100,7-Interview.
EU-Parlament stëmmt iwwer von der Leyen II of
Vun de sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert kéinten der um Enn just zwee fir déi nei Europäesch Kommisisoun stëmmen. No de Fraktiounssëtzungen am Europaparlament gesäit et awer gutt aus fir d’Ursula von der Leyen.
Manner kal Loft zu Bréissel?
D'Hearinge vun den neien EU-Kommissären hunn zu Bréissel fir Tensioune gesuergt. De Sträit tëschent de Fraktiounen huet sech zwar e bësse geluecht, mee et bleift net ausgeschloss, datt weider Problemer optauchen.

Mercosur: No bal 25 Joer ass den Deal nach net perfekt
D'Negociatioune mat de fënnef südamerikanesche Länner, déi ee gemeinsame Marché, de Mercosur, deelen, solle bis Ufank Dezember ofgeschloss sinn. Nach awer ass et net esou wäit.
