Déi nei däitsch Regierung wëll méiglecherweis d’Kontrollen op den däitsche Grenze weider verschäerfen - dat koum zu Lëtzebuerg bekanntlech net gutt un. Lëtzebuerg hofft op d’Ënnerstëtzung vun der Europäescher Kommissioun - dat hat den Innenminister Leon Gloden en Dënschdeg am 100Komma7-Interview gesot.
Grenzkontrolle kéinte just zwee Mol verlängert ginn. Dat wier esou am Schengen-Kodex virgesinn, huet den CSV - Politiker präziséiert. Ma stëmmt dat esou ? Wat genee gesäit de Kodex vir ? Explikatioune vum Danièle Weber.