Fräie Mikro
Wann de Wirtschaftsliberalismus d’Demokratie futti mécht
4 min
Dem Ekonomist Karl Polanyi säi Wierk vun 1944 mam Titel “The Great Transformation. The Political and Economic Origins of Our Time” war e Meilesteen a bleift eng vun de stäerkste Kriticke vun der onreguléierter Maartwirtschaft. Hien huet gewise wat geschitt, wann de Marché als getrennte System definéiert gëtt, deem sech de Rescht vun der Gesellschaft muss ënnerwerfen. Dat féiert zu Krisen, Diktatur, Krich. Op deem Wee si mir haut nees, mengt den Historiker Denis Scuto.
Episoden
Méi Trump an der Schoul
Jonk Politiker aus verschidde Parteie fuerderen, e méigleche Rietsruck och zu Lëtzebuerg ze bremsen. Si proposéieren dofir ënner anerem méi Politik- a Medienerzéiong an der Schoul.
