
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Conny Jaroni, Patrick Lamesch an Ali Ruckert
Am Virfeld vun den Europawalen: eng Ronn mat Vertrieder vun dräi klenge Parteien, déi keng Aussiicht op e Sëtz hunn: VOLT, déi Konservativ a KPL

Debat: Wéi eng Verdeedegungspolitik brauch d’EU?
Iwwer déi Fro diskutéiere mir en Vue vun den Europawale mat Vertrieder vun DP, déi Lénk, Fokus a Mir d’Vollék.

Anna-Sophie Heinze
Bei den Europawale gëtt mat engem Opschwong fir déi radikal riets Parteie gerechent. Firwat ass dat esou? Dat froe mir d’Politologin vun der Uni Tréier.

Petra Böwen
Lëtzebuerg ass e räicht Land, an awer ass bal all 4. Kand vum Aarmutsrisiko betraff. Firwat kréie mir dat net an de Grëff? Dat froe mir d'Invitée, déi de soziale Secteur am Land gutt kennt.
Fred Ternes
Bis 2030 wëllt Nidderaanwen klimaneutral sinn. Klengt gutt, mee wat heescht dat genee? A wéi steet den CSV-Buergermeeschter zur Klimapolitik vu senger Partei?

Fabricio Costa, Charles Goerens, Christophe Hansen an Alexandra Schoos
Diskussiounsronn am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun déi gréng, DP, CSV an ADR. Theema: Landwirtschaft

Walter Baier
Den éisträichesche Kommunist ass bei den Europawalen de Spëtzekandidat vun der Partei vun der europäescher Lénker.

Fabrizio Bei
De Maurice Molitor schwätzt mam President vum FC Déifferdeng 03 iwwer den 1. Championstitel an der Geschicht vum Veräin, dee virun 21 Joer aus der Fusioun vu Red Boys an AS Déifferdeng ervirgaangen ass.

Elisabeth Margue
De Maurice Molitor schwätzt mat der CSV-Justizministesch ënner anerem iwwer d’Stéchwierder Heescherei, Jugendprisong a Comparution immédiate.

Marc Reiter
Et gëtt ëmmer méi Wëld am Bësch - an dat deet deem net gutt. Wiisst dowéinst d'Unerkennung vun der Juegd a wéi eng Fuerderungen entstinn doraus? Dat freet d'Christiane Kleer de Vize-President vun der Jeeërfederatioun.
Mécht d’EU genuch fir hir Bierger sozial ofzesécheren?
Doriwwer diskutéiere mer am Virfeld vun den Europawalen mam Ali Ruckert (KPL), Marc Angel (LSAP), Raymond Remakel (Piraten) a mam Philippe Schannes (Volt).

Invité vum Dag: Markus Beyrer
Invité beim Christiane Kleer ass de Markus Beyrer, de President vum gréisste Patronatsverband, BusinessEurope, dee méi Ënnerstëtzung fir déi europäesch Wirtschaft fuerdert.

Emile Eicher
Sinn d’Lëtzebuerger Gemenge gutt genuch géint Cyberattacke geschützt? Dat froe mir de President vum Gemengeverband Syvicol.

Anne Winter (Fokus), Peter Freitag (Mir d'Vollék) & Athanase Popov (d'Bréck)
Fir déi dräi Kandidate wäert et bei den Europawale onméiglech ginn ee Sëtz ze ergatteren. Wéi gi si domat ëm?

Stephan Gehmacher
De Generaldirekter vun der Philharmonie iwwer d’Saison 2024/25 an d’Sich no engem neie Chefdirigent.

Patrick Dury
D’Sozialwale sinn eriwwer, mee d’Theme bleiwen: e Gespréich mam LCGB-President iwwer déi zentral Punkten aus senger 1. Mee-Ried.

Serge Kollwelter
Am Kontext vun der Portugal-Expo am Musée: Erënnerungen un d’Ufäng vun der portugisescher Immigratioun hei am Land.

Laurent Moyse
De Lëtzebuerger Journalist zeechent a sengem aktuelle Buch een düstert Bild vun der Press vun haut. Wat ass senger Meenung no schif gelaf?
