arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Leo Wagener
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
Riskéiert d'Caritas-Affär e Schied iwwer dem Poopst seng Visitt zu Lëtzebuerg ze werfen? Mir froen de Weibëschof.
mic_none
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden

Max Hahn
Wat bedeit de Fall vum Assad-Regimm fir d'Syrer hei am Land? Dat ass eng vun de Froen un den Accueilsminister.

Fred Keup
An de Sondagë schneit d'CSV-DP-Koalitioun bis elo gutt of, mee wéi bewäert d'ADR d'Regierungspolitik? Dat froe mir den ADR-Fraktiounschef.

David Wagner
Wéi bewäerten Déi Lénk dat eischt Regierungsjoer vu schwaarz-blo? Dat froe mir ee vun hiren Députéierten.

Marc Serres
Ass et fir de Lëtzebuerger Space Secteur eng gutt Nouvelle, datt den Donald Trump nees amerikanesche President gëtt? Dat froe mir den Direkter vun der Luxembourg Space Agency.

Bob Steichen
D'Nordstad-Fusioun, d'Gemengepolice an d'LUGA an der "Bauerestad" sinn Theemen am Gespréich mam LSAP-Buergermeeschter vun Ettelbréck.
Corinne Cahen
An hirem Budgetsrapport beliicht d'DP-Deputéiert d'Erausfuerderungen, d'Chancen an d'Risiken, déi mat der Kënschtlecher Intelligenz op eis duerkommen.

Thomas Lenz
Mam Research Manager vum Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) geet rieds iwwer d'Conclusiounen aus deem neitste Bildungsbericht.

Claude Rischette
Erklärunge vum ILR-Vizedirekter iwwer déi nei Struktur fir d'Netzkäschte beim Stroum

Jean-Claude Juncker
De Krich an der Ukrain, de Konflikt am Noen Osten an de Populismus an Europa sinn e puer vun den Themen am Gespréich mam Éierestaatsminister a fréiere President vun der EU-Kommissioun, deen haut 70 Joer kritt.

Yves Cruchten
Mam LSAP-Deputéierte schwätzt de Rick Mertens ënner anerem iwwer de Mercosur-Accord an iwwer déi verfuere politesch Situatioun a Frankräich an d'Roll vun de Sozialisten.

Lydie Polfer
Mat der Stater Buergermeeschtesch schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi lokal Police, d'Heescheverbuet an d'Sécherheet vun den Zebrasträifen.

Margot Heirendt
D'Fondation Cancer kritt 30 Joer. Mat hirer Directrice schwätzt d'Christiane Kleer iwwer d'Defien, déi d'Patienten haut hunn an iwwer eng méiglech Erweiderung vum Fëmmverbuet.

Elisabeth Margue
Mir froen d'Justizministesch, wéi konkret ugefaange gëtt um Projet vun enger neie Cité judiciaire ze schaffen a wéi si den Transport vun Detenuen tëschent dem Prisong an dem Geriicht, zum Beispill, reforméiere wëllt.

Claude Strasser
De Präis vum Timber geet erop, dee vun de Päck erof, an d'Post huet am Beräich vun der Informatik an de Kommunikatiounstechnologië vill vir. Wat ännert a firwat? Dat froe mir de Generaldirekter vun der Post.

Nicolas Schmit
Op sengem leschte (Schaff-)Dag: wéi beurteelt de Lëtzebuerger Nach-Kommissär d'Traktatioune vun der leschter Woch am Europäesche Parlament?

Paul Hammelmann
No 45 Joer am Déngscht vu méi séchere Stroossen zitt den Nach-President vun der Sécurité routière sech zeréck. De Maurice Molitor freet hien no sengem Bilan.

Gerd Bosbach
Den däitsche Mathematiker a Statistiker warnt viru falsche Conclusiounen aus demographesche Projektiounen a virun engem Kapital-gedeckte Pensiounsregimm.

Gilles Hempel
Den Direkter vun der Fondation pour l’accès au Logement schwätzt iwwer 15 Joer Gestion locative sociale hei am Land, déi hien eng "success story" nennt.

Serge Wilmes
No der Weltklimakonferenz vu Baku: Froen un de Lëtzebuerger Ëmweltminister
