Radioen

On air

9 bis 1  |  Lucy Rose - Pale Blue Eyes - Lucy Rose

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

search / Klassik Aktuell

/ Mat Saxofon-Quartett oder Schrammelmusek an d'neit Joer

Mat Saxofon-Quartett oder Schrammelmusek an d'neit Joer

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Esou zum Beispill dëse Freideg den Owend ab 20 Auer am CAPE zu Ettelbréck.

Hei spillt d'Junge Deutsche Philharmonie mat engem Programm mat Musek aus der Modern. Deels jazzeg, deels och mat Broadway Elementer mat Komponiste wéi George Gershwin oder Leonard Bernstein.

Begleet ginn si vun engem Saxofon-Quartett aus Barcelona mam Numm Kebyart.


An och am Mierscher Kulturhaus gëtt et ee weideren Neijoerschconcert. Dat dëse Sonndeg um 17 Auer.

Hei trëtt eng Grupp aus Wien op - d'Philharmonia Schrammeln Wien. Een Ensembel, deen et well zanter de 1970er Jore gëtt an aus Musekerinnen a Museker vun de Wiener Philharmoniker besteet.

Musikalesch gëtt et dann och passend zum Numm vum Ensembel, Schrammelmusek. Eng traditionell Museksrichtung, gespillt mat Harmonika. Gesanglech gëtt dës Formatioun um Concert vum Bariton Günter Haumer begleet.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Lidderflupp: Lëtzebuerger Vollekslidder

"Lidderflupp" ass den Numm vum neien Album vum Georges Urwald a gläichzäiteg vun engem Kulturprojet fir Mënsche mat Demenz.
headphones

4 min

play_arrow

Notre-Dame de Paris: e Lëtzebuerger bei de Restauratiounsaarbechten

Den Uergelbauer Laurent Anen war un der Restauratioun vun der Uergel an der Notre-Dame zu Paräis bedeelegt.
headphones

5 min

play_arrow

Vu Montfort op Saint Germain

Eng musikalesch Rees duerch d'Musek aus dem 20. Joerhonnert
headphones

4 min

play_arrow

Tëschent Piano an Dirigentepult

De Christoph König spillt als Pianist zesumme mat weidere Musiker:innen vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert mat Haydn, Händel, Mozart a Bach - eng wëllkommen Ofwiesslung fir den Dirigent.
headphones

4 min

play_arrow

Bruch a Bizet

De Gewënner vum Concours Reine Elisabeth 2024 live um 100,7 mat de Lëtzebuerger Philharmoniker
headphones

7 min

play_arrow

Dora Pejačević - Podcast a Concerten

Musek a Liewensgeschichte vun der kroatescher Komponistin
headphones

4 min

play_arrow

Zéng Joer Choeur de Chambre de Luxembourg

Dee ronne Gebuertsdag feiert de Chouer mat engem Wierk, dat säi Grënner an Dirigent well virum éischte Concert programméiert huet.
headphones

9 min

play_arrow

Zéng Joer Choeur de Chambre de Luxembourg

De ronne Gebuertsdag feiert de Chouer mat engem Wierk, dat säi Grënner an Dirigent well virum éischte Concert programméiert huet.
headphones

3 min

play_arrow

ICMA 2025 - D'Finalist:inne sti fest!

De Jury vun den International Classical Music Awards huet säi Choix fir d'Finalist:innen 2025 getraff.
headphones

4 min

play_arrow

Wantermelodien an de geschwate Sproochen zu Lëtzebuerg

De Chouer vun der uni.lu sengt e Wanterprogramm an de meescht representéierte Sproochen hei zu Lëtzebuerg.
headphones

3 min

play_arrow

"Das inspiriert mich immer wieder."

De Museker an Dirigent Benjamin Schäfer leet mat Begeeschterung den Orchestre Place de l'Europe. Eng Formatioun aus 110 Amateurmusiker:innen
headphones

4 min

play_arrow

Christmas Carols 2024

"O Little Town of Bethlehem", "Hark! The Herald Angels Sing" ... dat a villes méi steet um Programm vum traditionelle Concert vun den Amis du Chant Luxembourg.
headphones

3 min

play_arrow

Hanner den Téin

A sengem neie Podcast invitéiert den Dirigent Pit Brosius an déi perséinlech Welt vun der Neier Musek.
headphones

4 min

play_arrow

Spot on Brass

Spot on Brass ass eng Serie vun Evenementer, an där Blechblosinstrumenter am Mëttelpunkt stinn. Den nächste Concert ass Enn November am CMNord.
headphones

3 min

play_arrow

Eng "stëll Chrëschtnuecht" mat Akkordeon

Ee gesellschaftskritesche Concert mat Humor a ville Facette presentéieren d'Josée Bourg an den Akkordeonist Frin Wolter.
headphones

4 min

play_arrow

La harpe à Paris

E Concert Actart am Stater Conservatoire, bei deem d'Harf am Vierdergrond steet.
headphones

3 min

play_arrow

"Et ass elo schonn ee Succès"

Dat seet de Claude Weber iwwer déi zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz am Bridderhaus zu Esch (6.11.-1.12.)
headphones

4 min

play_arrow

"Sie ging ja nur vorbei"

Eng Concertsserie, déi d'Liewensgeschichte vu bekannte Komponistinne beliicht a sech beim nächste Concert op d'Dora Pejačević fokusséiert.
headphones

4 min

play_arrow

Advent mam Bruckner

D'Maîtrise séngt hiren traditionelle Concert "Au Seuil de l'Avent" mat engem Programm, deen zu 100 Prozent aus Bruckner besteet. Dëst Joer awer net wéi gewinnt mam OCL, mee mam Estro Armonico.
headphones

4 min

play_arrow

Rainy Days 2024

Bei de Rainy Days dréit sech 2024 alles ëm d'Extremer.
headphones

6 min

play_arrow