Klassik Live
Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE

De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen. Zanter Joerzéngte well trëtt de Riccardo Muti reegelméisseg mat de Wiener Philharmoniker op. Den Dirigent, deen zanter 2011 Éieremember beim Orchester ass, dirigéiert den Neijoerschconcert fir déi siwente Kéier. Zesumme mam Orchester huet de Muti de Programm zesummegestallt an de Bléck dobäi op d’Ëmfeld vun der Strauss-Famill geworf. Zwee Wierker stinn um Programm, déi bis elo nach ni beim Neijoerschconcert ze héiere waren: “Fidele Brüder” vum Joseph Hellemsberger Jr. an eng Walz vun der Constanze Geiger, der éischter Komponistin um Programm vum Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker.
Programm:
Johann Strauß I.: Freiheits-Marsch, op.226
Josef Strauß: Dorfschwalben aus Österreich. Walzer, op.164
Johann Strauß II: Demolirer-Polka. Polka francaise, op.269
Johann Strauß II: Lagunen-Walzer, op.411
Eduard Strauß: Luftig und duftig. Polka schnell, op.206
Johann Strauß II: Ouvertüre zur Operette "Der Zigeunerbaron"
Johann Strauß II: Accelerationen. Walzer, op.234
Josef Hellmesberger (Sohn): Fidele Brüder. Marsch aus der Operette "Das Veilchenmädchen"
Constanze Geiger: Ferdinandus-Walzer, op.10 [Arr. W. Dörner]
Johann Strauß II: Entweder - oder! Polka schnell, op.403
Josef Strauß: Transactionen. Walzer, op.184
Johann Strauß II: Annen-Polka, op.117
Johann Strauß II: Tritsch-Tratsch. Polka schnell, op.214
Johann Strauß II: Wein, Weib und Gesang. Walzer, op.333
Presentéiert vum
- Guy Engels
Episoden

Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE
De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen.

Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE
De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen.
Concert LIVE
De Benjamin Kruithof an d'Lëtzebuerger Philharmoniker

Eng Vakanz op Roum mat de Lëtzebuerger Philharmoniker
Ënner dem Motto “A Roman Holiday” spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker Deeler aus der réimescher Trilogie vum Ottorino Respighi, esou wéi d’Weltpremière vun “out of the blue” vum Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners

"Schumannliebe"
Live-Concert aus der Congresshalle zu Saarbrécken, mat Musek vum Robert Schumann a Jörg Widmann
Geniestreiche
Déi 7. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie live um radio 100,7 an opus 100,7. Um Programm: Musek vum Richard Strauss
Live aus der Congresshalle vu Saarbrécken: Iergendwou am Himmel ...
D’Deutsche Radio Philharmonie spillt fir den 100. Gebuertsdag vun hirem Éierendirigent Stanislaw Skrowczewski. Um Programm steet Bartók a Bruckner.
Of Ancient Skies and Souls
Live aus der Philharmonie: D'Lëtzebuerger Philharmoniker spille bei de rainy days e Programm ronderëm de Festival-Theema "Memories"
Mein Vaterland
Den opus 100,7 an de radio 100,7 iwwerdroe mam SR2 KulturRadio live vu St. Ingbert déi siwent Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie ënner der Direktioun vum Pietari Inkinen

Musikalesch Erzielkonscht
De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg interpretéiert Wierker vu Ravel, Rimsky-Korsakow a Strauss.
Fragments
Live-Iwwerdroung vun der Finall vun der Michel Becquet International Trombone Competition am Cube zu Maarnech

Hundertprozent Sibelius
Live Iwwerdroung zesumme mam SR 2 KulturRadio vum Concert vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern zesumme mam Geiist Sergey Khachatryan

Spanish Connection
Concert mam Gustavo Gimeno, dem Pianist Javier Perianes an dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

Time Reflexions
Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

L'Enfance du Christ
Live-Concert aus der Philharmonie

Siwe Paarten
Concert mat der Weltpremière vu "Seven Gates" vum Luc Grethen an der Cellistin Hayoung Choi
D'Tréine vun der Natur
De Martin Grubinger interpretéiert dem Tan Dun säi Concerto bei der Saisonsouverture vum OPL an der Philharmonie a live um radio 100,7.

ICMA-Gala 2022
Lauschtert de Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2022 live aus der Philharmonie.

Den OPL an d'Pianistin Beatrice Rana
Concert live aus der Philharmonie
