Radioen

On air

Notturno  |  Lump - Animal

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Live

search / Klassik Live

/ Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE

Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE

on the headlines

De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen. Zanter Joerzéngte well trëtt de Riccardo Muti reegelméisseg mat de Wiener Philharmoniker op. Den Dirigent, deen zanter 2011 Éieremember beim Orchester ass, dirigéiert den Neijoerschconcert fir déi siwente Kéier. Zesumme mam Orchester huet de Muti de Programm zesummegestallt an de Bléck dobäi op d’Ëmfeld vun der Strauss-Famill geworf. Zwee Wierker stinn um Programm, déi bis elo nach ni beim Neijoerschconcert ze héiere waren: “Fidele Brüder” vum Joseph Hellemsberger Jr. an eng Walz vun der Constanze Geiger, der éischter Komponistin um Programm vum Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker.


Programm:

Johann Strauß I.: Freiheits-Marsch, op.226

Josef Strauß: Dorfschwalben aus Österreich. Walzer, op.164

Johann Strauß II: Demolirer-Polka. Polka francaise, op.269

Johann Strauß II: Lagunen-Walzer, op.411

Eduard Strauß: Luftig und duftig. Polka schnell, op.206

Johann Strauß II: Ouvertüre zur Operette "Der Zigeunerbaron"

Johann Strauß II: Accelerationen. Walzer, op.234

Josef Hellmesberger (Sohn): Fidele Brüder. Marsch aus der Operette "Das Veilchenmädchen"

Constanze Geiger: Ferdinandus-Walzer, op.10 [Arr. W. Dörner]

Johann Strauß II: Entweder - oder! Polka schnell, op.403

Josef Strauß: Transactionen. Walzer, op.184

Johann Strauß II: Annen-Polka, op.117

Johann Strauß II: Tritsch-Tratsch. Polka schnell, op.214

Johann Strauß II: Wein, Weib und Gesang. Walzer, op.333

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

OPL / Emmanuel Pahud / Gustavo Gimeno

OPL / Emmanuel Pahud / Gustavo Gimeno

Dee renomméierte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud ass den Owend Solist beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. D'Direktioun huet de Gustavo Gimeno.

Den OPL spillt dem Gustav Mahler seng Drëtt Symphonie

Ënner der Leedung vum G. Gimeno daucht den OPL an an dem Mahler seng 3. Symphonie, mat der Solistin Gerhild Romberger, dem Wiener Singverein an de Pueri Cantores.

Mat Strauss a Strawinsky an déi nei Saison

Mat Musek aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert lancéiert den OPL d'Saison 2021/2022 ënner der Direktioun vum Gustavo Gimeno. Solistin ass déi däitsch Sopranistin Diana Damrau.

OPL Live aus der Philharmonie

De Klarinetteconcerto vum Mozart an déi 9. Sinfonie vum Schubert stinn um Programm. Solist op der Klarinett ass de Martin Fröst.

Schumann a Brahms mam OPL

Den Nikolaj Szeps-Znaider dirigéiert déi zweet Sinfonie vum Brahms. Solist vum Owend ass de Saleem Ashkar mam Schumann sengem Pianosconcerto

"Die sieben letzten Worte unseres Erlösers am Kreuze"

De Jérémie Rhorer an de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg mat Musek vum Joseph Haydn

Musek aus der Romantik

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg mat Wierker vu Chopin, Mendelssohn a Schumann

De Leonidas Kavakos an de Gautier Capuçon live aus der Philharmonie

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg spillt Wierker vum Joseph Haydn an Antonin Dovorak.

De Cor-Regëster vum OPL

Live aus dem Kammermusekssall vun der Philharmonie
Mam OPL an d'Joer 2021

Mam OPL an d'Joer 2021

Neijoerschconcert ënner der Leedung vum Leopold Hager

Deutsche Radio Philharmonie - Live vu Saarbrécken

Wierker vu Wagner, Schubert an Tschaikowsky

Debut zu Lëtzebuerg fir d'Geiistin María Dueñas

Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner der Direktioun vum Gustavo Gimeno

Deutsche Radio Philharmonie Saarbrécken

Wierker vu Schostakowitsch a Cage

Live aus der Philharmonie

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg interpretéiert dem Beethoven seng 6. Sinfonie "Pastorale" ënner der Direktioun vum Gustavo Gimeno.

Live aus der Philharmonie

Deen éischte Concert nom Confinement mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg steet ënner dem Motto "Back to Live".

Uropféierung vun engem Concerto vum Francisco Coll

Den OPL an d'Geiistin Patricia Kopatchinskaja ënner der Direktioun vum Gustavo Gimeno

Riesencrescendo mit Pauke

Concert mat der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern live aus der Congresshalle zu Saarbrécken an Zesummenaarbecht mat SR2 KulturRadio
Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker

Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker

Live aus dem Wiener Musikverein
Romantik a Spéitromantik

Romantik a Spéitromantik

Live aus der Congresshalle vu Saarbrécken
Schubert a Rossini

Schubert a Rossini

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner der Leedung vum Gustavo Gimeno