Radioen

On air

Al Schanken  |  The New Barbarians - F.U.C. Her (Live)

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ $10 Cowboy

$10 Cowboy

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Decouverte: “Running The Mardi Gras” ass en Titel vu Boco aus dem Joer 1972 vu Laughing Eye Records erausbruecht. Wien den ultra raren Original 45 Touren doheem huet, ka sech iwwer e Wäert tëschent 500 a 700 Pond freeën! De Brooklyn Label Big Crown Records huet virun e puer Joer dës Pärel re-editéiert …
Dem franséischen Hadouk Trio säin Album "Shamanimal" ass en Disk, deen d’Stiler vu ronderëm de Globus matenee vermëscht, virtuos a beréierend.
Calexico, de Grupp vun Tucson, Arizona, huet säin néngten Album "The Thread That Keeps Us" vollgepaakt mat Storyen iwwer Grenz-Politik an Ëmwelt Katastrophen.
De Gilberto Rodriguez aus der San Francisco Bay léist mat senger Band Los Intocables Influenzen aus dem Rock, den AfroKubanesche Rhythmen an och dem Jazz erkléngen.
Dem Screaming Jay Hawkins säin "I Put A Spell On You" aus dem Joer 1956 lauschtere mIr re-visitéiert vum Brian Reitzell um Soundtrack vun American Gods, mat der Stëmm vum Marc Lanegan!
Country-Blues dës Kéier bei One World mam Charley Crockett vu sengem neien Album “$10 Cowboy”.

Playlist:
1. Boco - Running the Mardi Gras - Laughing Eye Records b/w Smile - Single
2. North Mississippi Allstars - Outside (Featuring Lamar Williams Jr. - Set Sail
3. Calexico - Curse of the Ride (Bonus Track) - The Thread That Keeps Us
4. Hadouk Trio - Hadouk Blues - Shamanimal
5. Edson Natale - Afluente do Futuro - Âmbar
6. Céu - Ao romper da Aurora - Um Gosto de Sol
7. Gilberto Rodriguez y Los Intocables - Sentimiento Azulejo - Sabor Maracuyá Desnuda
8. Brian Reitzell - I Put a Spell on You (feat. Mark Lanegan) [From "American Gods" Soundtrack]
9. Joseph Malik - Days of Future Past - Diverse, Pt. 3
10. Cat Power - In Your Face - Wanderer
11. Hindi Zahra - Dream - Homeland
12. Charley Crockett - Hard Luck & Circumstances - $10 Cowboy
13. Bob Dylan - False Prophet - Rough and Rowdy Ways
14. The Black Keys - For the Love of Money - Dropout Boogie

Episoden

Transmusicales de Rennes

Bal nëmmen Artisten, déi op den Trans optrieden. Wéi all Joer proposéieren d’Programmateure, de Jean-Louis Brossard a Mathieu Gervais, eng eklektesch Affiche, déi de Bols vun der Zäit fillt.
headphones

55 min

play_arrow

Legends & more

Zäitdokumenter aus de 40er a 70er Joren, Nei-Verëffentlechungen, Film-Museke revisitéiert an eng Anekdot
headphones

56 min

play_arrow

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen
headphones

56 min

play_arrow

Honky Tonk

Sound-Tüftler, de Klang aus de 70er vun haut, onëmgänglech Folk-Tunes, Weltebummler an eng Honky Tonk Nonn
headphones

56 min

play_arrow

Rythm & Beats

Engagéierten Afrobeat, Spoken Word aus der Karibik, eng irresistibel Soul a Beats, déi eis vum Hocker geheien ...
headphones

57 min

play_arrow

Ecken a Kanten

Nei Stëmmen aus dem Flamenco, faméis Gittaren, Avant-garde Artisten, déi den Traditiounen Ecken a Kanten verpassen an eng Decouverte aus Brasilien
headphones

56 min

play_arrow

One World

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bëssen Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band di léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guru’en

Inspiréiert a spannend

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bësse Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band, déi léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guruen
headphones

56 min

play_arrow

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

55 min

play_arrow

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

57 min

play_arrow

Osez

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.

Osez ...

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.
headphones

56 min

play_arrow

September Sun

Vun der Sonn geniirte Musek di zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus West-Afrika an e Soundtrack deen am September 1990 erauskoum.

September Sun

Vun der Sonn genierte Musek, déi zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus Westafrika an e Soundtrack, deen am September 1990 erauskoum
headphones

56 min

play_arrow

NJP Festival

Vereenzelt Artiste vum Festival Nancy Jazz Pulsations sinn ze héieren, dorënner confirméiert Artisten an och interessant Decouverten!
headphones

56 min

play_arrow

Multikulti

Tropesch Kläng fir den Dancefloor, den Asaz fir d'Mënscherechter an der Musek, Rock aus Sambia a sensibel wéi poetesch Ausdrocksformen