Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Brigitte Calls Me Baby - Pink Palace

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Transmusicales 2024

Transmusicales 2024

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

“We intend to cause Havoc”, kuerz Witch, ass eng mythesch Formatioun aus Sambia aus de 70er Joren. Deen neien Album ass “Zango” iwwerschriwwen.
D’Transmusicales vu Rennes stinn nees virun der Dier a gi vum 4.-8. Dezember iwwer déi verschidde Büne vun der bretonescher Haaptstad. Hei en éischte klenge Virgeschmaach op déi eklektesch Programmatioun mat ë. a. der vietnameesescher Grupp Saigon Soul. Baséiert zu Hô Chi Minh-Ville, dëse Grupp gräift d’Pop aus de 70er Joren op, wéi d’Stad nach Saïgon geheescht huet. Och traditionell Instrumenter kommen hei zum Ausdrock wéi den Dàn Nguyêt, e Säiteninstrument aus dem XI. Joerhonnert.
Roshâni ass eng Formatioun vu Genf, geleet vun der Sängerin Roxane Dumont an der Bassistin a Clavieristin Inès Mouzoune. Begleet vum Yavor Lilov op der Batterie fusionéiere si verschidde Stiler a Sproochen a schafen en elektronesche Pop, dee geniert ass vun dëse verschiddene Kulturen. D’Texter si mol op Farsi, Spuenesch a Franséisch. Roshâni, de 4. Dezember op den Transmusicales vu Rennes.
Verde Prato ass de Projet vun der Ana Arsuaga aus dem spuenesche Baskeland. Net wierklech Pop, net wierklech Elektro an och net Folk, mee e bësse vun all deem zesummen an eppes Neies verwandelt.

Episoden

Multikulti

Tropesch Kläng fir den Dancefloor, den Asaz fir d'Mënscherechter an der Musek, Rock aus Sambia a sensibel wéi poetesch Ausdrocksformen
headphones

56 min

play_arrow

Great Music

Museker, Weltbierger zesumme fir beréierend Kollaboratiounen, onëmgänglech Nei-Verëffentlechungen an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten

No Frontiers

Spannend nei Disken a Kollaboratiounen, e Songwriting, dee sech mat der Welt vun haut ausenanersetzt a mir sinn op de Spuere vum afroamerikanesche Widderstand.

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Monsters and Angels

Orientaleschen Elektro-Rock, eng Soul, déi aus dem Liewen erzielt, Film-Museke vu Filmer, déi et net gëtt, e Receuil vu vergiessene Lidder

Kleng Pärelen

Nei Verëffentlechungen, Musek aus der Guadeloupe, jonk Jazz-Museker ouni Beréierungs-Ängschten an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten

World Citizen

Den algeeresche Chaâbi op der Rees, e jonken Duo aus Tunesien, eng Frae-Grupp vu Paräis an eng Slide Gittar, ënnerwee vun Hawaii bis op Kalkutta
headphones

55 min

play_arrow

World Citizen

Den algeeresche Chaâbi op der Rees, e jonken Duo aus Tunesien, eng Frae-Grupp vu Paräis an eng Slide Gittar, ënnerwee vun Hawaii bis op Kalkutta
headphones

55 min

play_arrow

A World of Sound

Highlife aus Ghana, e Londoner, deen op Reggae steet, Lidder vun Heelungs-Zeremonien, zäitgenëssesch interpretéiert an e Museker, deen zeréck zu senger Passioun fonnt huet.
headphones

57 min

Originell

E Retour a Brasilien vun ufanks de 70er Joren, eng originell Rapperin an inspiréiert Atmosphären
headphones

57 min

play_arrow

Originell

E Retour a Brasilien vun ufanks de 70er Joren, eng originell Rapperin an inspiréiert Atmosphären
headphones

57 min

play_arrow

A certain Trip

Eng Stäreschnäiz aus England, e kosmeschen Jazz, eng Diva aus Indien a Geschichten aus engem klengen Duerf aus dem Dorset