Radioen

On air

Notturno  |  Polobi & The Gwo Ka Masters - On Jan Padjanbel

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Fuzzy

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Hien huet am Ufank an de Stroosse vun Dallas an New Orleans gespillt: mir lauschteren den Charley Crockett vu sengem neien Album “$10 Cowboy”.

De Will Samson ass en Artist, dee sech mat Virléift vun analogem Material ëmgëtt a mat méi Opnamtechniken experimentéiert. Hien erfuerscht den Espace tëschent Ambient, Elektro, Experimental an akustescher Musek.

Buffalo Springfield war d’Wéi vu Museker, déi spéider weltbekannt goufen. Gegrënnt ginn an de Mëtt 60er zu LA vun de Kanadier Neil Young, Bruce Palmer an Dewey Martin, zesumme mat den Amerikaner Stephen Stills a Richie Furay ...

Eng Raritéit, well en den intime Kreatiounssprozess vun engem Artist erklénge léisst, ass den Album “Piano and a Microphone 1983“ vum Prince, Posthum 2018 erauskomm.

D’Black-Consciousness-Beweegung war en Deel vun engem gréisseren Engagement fir eethnesch Identitéit am 20. Joerhonnert. Schwaarz Mënschen op der ganzer Welt versichen hir Dignitéit zeréckzegewannen. The Brkn Record ass e Projet, dee vum Jake Ferguson geleet a produzéiert gëtt.

Och dës Kéier lauschtere mir 3 Gruppen, déi dëst Joer op den Transmusicales vu Rennes vum 4.-8. Dezember programméiert sinn. Loosst Iech iwwerraschen.

Playlist:
1. Charley Crockett - Hard Luck & Circumstances - $10 Cowboy
2. Will Samson - Tumble - Ground Luminosity
3. Little Feat - Kiss It Off - Various
4. Buffalo Springfield - Everydays
5. Prince - 17 Days (Piano & a Microphone 1983 Version)
6. Dez Mona - Get Out of Here - Hilfe Kommt
7. The Brkn Record - Assimilation - The Architecture of Oppression, Pt. 1
8. Yannis & The Yaw - Walk Through Fire (feat. Tony Allen) - Lagos Paris London
9. Baba Ali - Heart Racer - Heart Racer - Single
10. The Family Battenberg - Fuzzy Features - Fuzzy Features
11. Queens of the Stone Age - You Got a Killer Scene There, Man … - Lullabies to Paralyze
12. JUICY- Over My Shoulder (Live Session) - Over My Shoulder (Live Session)

Episoden

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent deen op de Sound aus den Tropen steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow