Physik ass relax
Reesziel EUROPA, Mound vum Jupiter
11 min

Astrobiologie faszinéiert. Gëtt et Liewen op aneren Himmelskierper? Mat der Sond Europa Clipper, déi de 14. Oktober dëst Joer gestart ass, soll ënnersicht ginn, ob ënner Extreembedingungen, wéi se op dem Jupitermound Europa sinn, Moleküllen oder Bakterien entstoe kéinten. Dëst géing och hëllefen ze verstoen, wéi Liewen op der Äerd entstanen ass. Mee och wann Zeeche vun organesche Moleküllen do sinn, genannt biosignatures, heescht dat net, datt do Liewen ass. Explikatioune mat der Physikerin Carol Eicher
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

Alles op de Vëlo
Firwat fält een net mam Vëlo ëm, wann ee fiert?

Grillowend meets physics
Wéi vill Physik stécht an engem gemittleche Grillowend mat Holzkuel? Firwat baschte Wirschtercher ëmmer der Längt no op?

Wéi entstinn Donner a Blëtz?
Donnerwieder! Et kraacht a blëtzt erëm.

Freedefeier, wann et liicht, päift, knallt a kraacht
Pénktlech fir Nationalfeierdag kréie mir d‘Geleeënheet e musikalescht Fest mat Freedefeier ze bewonneren. Wéi entstinn déi herrlech Figuren am Himmel?

Am Schleekentempo iwwer d’Schläimspuer
Physikalesch Aspekter vun de Schleeken

Mat Sonnebrëll a Sonnecrème fit an d'Sonn
Brëller, déi nach méi donkel ginn, wann d’Sonn schéngt, a mineralesch-chemeesch Sonnecrèmë ginn analyséiert vum Standpunkt vun der Physik/Chimie dohannert.

Fotosynthees vun de grénge Planzen: déi wichtegst bio-cheemesch Reaktioun op der Äerd
De Pigment Chlorophyll an de Chloroplasten an de Planzenzellen absorbéiert masseg Sonnenenergie, am bloen an am roude Beräich, reflektéiert awer dat Gréngt. An et ass dat, wat mir gesinn!

UV-Index: Prezis physikalesch Aspekter
Wéi gëtt den UV-Index bestëmmt ? Wéi domat ëmgoen? Vu wat hänkt en of?

Steng am Gaart
Wéi ass et méiglech, datt esou vill Steng am Gaart sinn, obscho se dauernd eraus gesammelt ginn?

Wéi geet ee mat Schrott an Offall am Weltraum ëm?
Satellitten an Transporter produzéiere Schrott. Weltraumstatiounen Offall.

Europäesch Olympiad fir experimentell Wëssenschaft
45 Teams aus 23 Länner


Liewen an der ISS, der Internationaler Raumstatioun
D'Auswierkungen op de Mënsch, wann e länger Zäit am Weltraum verbréngt, a wat een dorauser léiere kann.

Fusioun - eng alternativ Energiequell
D'Verschmëlze vun Atomkären wéi dat an der Sonn geschitt, ass eng Perspektiv fir eng alternativ Energiequell. Ass dëst op der Äerd realiséierbar?

Faszinatioun Piano
Historesches a Physikalesches zum Piano Day 2024

Am 12 Stonnerhytmus an ëmmer pënktlech: Ebbe a Flut
Wéi entstinn Ebben a Flut?

Sonnestierm a Polarliichter
Auswierkunge vu Sonneneruptiounen op der Äerd

2024, e Joer mat maximaler Sonnenaktivitéit
Eng grouss Sonnenaktivitéit dëst Joer: Wat geschitt do op der Sonn?

Wat fir eng Faarf huet de Schnéi?
Schnéi erschéngt a ville Faarwen: blo, gro, wäiss, giel, orange, jee nodeems wéi e beliicht gëtt.
