Hien hat en onbestännegt Liewen, an doraus huet hien Erfarung gezu fir seng spéider Karriär: deen däitschen Acteur Gottfried John. Hie gehéiert zu de raren däitschen Acteuren, déi sech och am internationale Film positionéiere konnten. Besonnesch an Erënnerung bleift seng Roll als Béisen am James Bond Film “Goldeneye” nieft dem Pierce Brosnan oder als réimesche Keeser am Claude Zidi sengem “Astérix et Obélix contre César”. Doriwwer eraus war de Godfried John och ee vum groussen däitsche Cineast an “Enfant terrible” Rainer Werner Fassbinder senge “Acteur fétichen”. Säi speziellt Gesiicht, seng grouss a schif Nues, säi sibyllinescht Laachen a seng markant Stëmm hunn de Godfried John ausgemaach. Virun 10 Joer ass de Schauspiller am Alter vun 72 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios
Retromania
Godfried John: De sympathesche Béisen am Film
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Pete Seeger: Eng Ikon vum amerikanesche Folksong
Den amerikanesche Folkmuseker a Friddensaktivist ass virun zéng am Alter vu 94 Joer zu New York gestuerwen.
Beatles: De Rooftop-Concert 1969
Den 30 Januar 1969 virun 55 Joer hunn d’Beatles um Daach vum Apple Records-Building zu London eng leschte Kéier zesumme gespillt.
Abba: 50 Joer Victoire beim Eurovision Song Contest
Viru 50 Joer huet ABBA den Eurovision Song Contest gewonn an domatt d‘Basis fir hir Weltkarriär geluecht. An dat hätt kéinten 1974 hei zu Lëtzebuerg sinn.

Pierre Brice: De Winnetou war d'Roll vu sengem Liewen
De Winnettou Acteur Pierre Brice hätt de leschten Dënschdeg 95 Joer kritt. En ass awer de 6 Juni 2015 am Alter vu 86 Joer gestuerwen

Claude François: Sänger, Perfektionnist a Choleriker
Dee charismatesche Sänger, grouss franséisch Vedette, hätt den 1. Februar 85 Joer kritt.
Pete Seeger: Eng Ikon vum amerikaneschen Folksong
Deen amerikanesche Folkmuseker a Friddensaktivist ass virun zéng am Alter vu 94 Joer zu New York gestuerwen.

Fernand Fox: Ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen
Den nächste Freideg, 26 Januar, ass dem Den Acteur a Sänger säin 90 Anniversaire.

Aly Bintz: "E léiwe Männchen"
De 15. Januar gëtt un dem Entertainer, Sänger an Acteur Aly Bintz, deen de 15. Januar 1929 gebuer ass, säi 95. Anniversaire geduecht.

Loriot: De Grandseigneur vum däitschen Humor
De Vicco von Bülow alias Loriot hätt am November d'lescht Joer 100 Joer kritt. Dee grousse Mann vun der däitscher Komik ass den 22. August 2011 am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
Randy Newman: De Songwriter mat vill Sarkasmus
De Randy Newman huet den 28. November d'lescht Joer säin 80. Anniversaire gefeiert.
Maurice Chevalie: Den Artist mam Canotier
De franséischen Acteur a Chansonnier Maurice Chevalier ass och haut nach Synonym vum franséische Charme.
Romy Schneider: E Liewen tëschent Succès an Tragedie
D'Actrice gouf den 23. September 2023, virun eppes méi wéi 85 Joer, zu Wien gebuer. Si ass awer schonn de 22. Mee 1982 am Alter vu 44 Joer gestuerwen.
2 CV: Eng Liewensphilosopie
Virun eppes méi 75 Joer, am Oktober 1948, gouf um Paräisser Autosalon déi éischt 2 CV presentéiert: e Mythos war gebuer.

Diner for One
De Kultsketech op Silvester

John Denver: Den engagéierte Country-Sänger
Op Sylvester dëst Joer hätt den John Denver 80 Joer kritt. 1997 koum dee 54 Joer ale Sänger, Gittarist, Songwriter an Entertainer bei engem Fligeraccident ëm d’Liewen.

Lou Reed: De Rebell a Rock-Junkie
Virun 10 Joer, de 27. Oktober 2013, ass deen aussergewéinlechen Artist, Rebell a Rock-Junkie Lou Reed zu New York am Alter vun 71 Joer gestuerwen.
Hannah Schygulla: Dem Rainer Werner Fassbinder seng Muse
Déi däitsch Charakteractrice a Fassbinder-Muse Hannah Schygulla krut op Chrëchtdag dëst Joer 80 Joer.

Edith Piaf: Eng grousse Sängerin awer en ongléckleche Mënsch
Den 10. Oktober dëst Joer waren et scho 60 Joer hier, datt d’Edith Piaf, mol keng 48 Joer jonk, gestuerwen ass.

Maria Callas: "La Divina Assoluta"
Déi grouss Sängerin an d'Interpretatiounswonner hätt den 2. Dezember 100 Joer kritt.
