Hien hat en onbestännegt Liewen, an doraus huet hien Erfarung gezu fir seng spéider Karriär: deen däitschen Acteur Gottfried John. Hie gehéiert zu de raren däitschen Acteuren, déi sech och am internationale Film positionéiere konnten. Besonnesch an Erënnerung bleift seng Roll als Béisen am James Bond Film “Goldeneye” nieft dem Pierce Brosnan oder als réimesche Keeser am Claude Zidi sengem “Astérix et Obélix contre César”. Doriwwer eraus war de Godfried John och ee vum groussen däitsche Cineast an “Enfant terrible” Rainer Werner Fassbinder senge “Acteur fétichen”. Säi speziellt Gesiicht, seng grouss a schif Nues, säi sibyllinescht Laachen a seng markant Stëmm hunn de Godfried John ausgemaach. Virun 10 Joer ass de Schauspiller am Alter vun 72 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios
Retromania
Godfried John: De sympathesche Béisen am Film
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden

Richard Burton: Tëschent Konscht an Tragedie
Ee vun de beschten Acteure vum 20 Joerhonnert ass viru 40 Joer gestuerwen ass.

Virun 80 Joer gouf d’Anne Frank an hir Famill vun den Nazien zu Amsterdam gefaange geholl ...
... a koum an e Konzentratiounslager, wou dat jonkt Meedche kuerz virun der Liberatioun gestuerwen ass.

Henri Cartier-Bresson: E grousse Fotograf vum 20. Joerhonnert
Den Henri Cartier-Bresson, ee vun de bedeitendste Fotografe vum 20. Joerhonnert ass den 3. August 2004, virun 20 Joer deemno, am Alter vu 95 Joer gestuerwen.

Wes Craven: De Horror-Spezialist
Haut (2.8.) gëtt un dem amerikanesche Cineast, Acteur a Zenarist Wes Craven säi 85. Annversaire am Retromania geduecht.

Oskar Negt: E fräien a kritesche Geescht
Dee fréieren emeritéierte Professer op der Leibnitz Universitéit zu Hannover, de Soziolog a Philosoph Oskar Negt, hätt haut um 1. August 90 Joer kritt.

Louis de Funès: Den nervös-wibbelegen Acteur
Haut (31.7.), virun 110 Joer, koum den Ausnamekomiker a groussen Acteur Louis de Funès zu Courbevoie, net wäit vu Paräis, op d’Welt.

Peter Zadek: En Theaterrevolutionär
Dee groussen Theaterregisseur Peter Zadek ass viru 15 Joer am Alter vun 83 Joer zu Hamburg gestuerwen.

Newport Jazz Festival: Zanter 70 Joer e Must
Den Newport Jazzfestival goung viru 70 Joer eng éischte Kéier iwwer d’Bün. D’nächst Woch vum 2.-4. August ass et erëm esou wäit.

D'Peace-Zeechen
D'Peace-Zeechen ass eent vun de bekanntsten Zeechen op der Welt. Mee wou kënnt et hier?

Wéi waren déi antik Olympesch Spiller?
Haut (26.7.) ass den Optakt vun den 33. Olympesche Spiller zu Paräis.

Wat ass e Walkman?
Viru 45 Joer koum de Walkman international op de Maart. Eng Innovatioun, e Kultobjet, dee Millioune vu Leit markéiert huet, an deen der haut net méi vill kennen.

"The Lord of the Rings", e Klassiker vun der High Fantasy
Dem J. R. R.Tolkien säi Meeschterwierk “The Lord of the Rings” gouf am August 1954, viru 70 Joer also, eng éischte Kéier editéiert.

E spektakuläre Vol an der Kunsthalle Schirn
D’Kunsthalle Schirn gouf bekannt duerch dee spektakuläre Vol vun Tableaue vum William Turner a Casper David Friedrich, an dat sinn ewell schonn 30 Joer hier.

Dat mëssgléckten Attentat op den Hitler
Den 20. Juli 1944 war dat mëssgléckten Attentat op den Hitler. An der Suite dovunner goufen eng 200 Leit mat un der Spëtzt dem Claus Schenck Graf von Stauffenberg vun de Nazien ëmbruecht.

Deen éischte Mënsch um Mound
Et sinn 55 Joer hier, datt den Neil Armstrong mat der Apollo 11 Missioun als éischte Mënsch um Mound war. Erënnerung un dës historesch Nuecht am Joer 1969

James Garner: Schauspiller mat Engagement
Deen amerikaneschen Acteur, deen als Detektiv Rockford weltbekannt gouf, ass de 19. Juli 2014 am Alter vu 86 Joer gestuerwen.

Milva: Eng staark Fra, eng grouss Stëmm
D’Milva, eng staark Fra, déi 85 Joer kritt hätt

Rainer Kirsch: Dee rouege Rebell
Deen ost-däitsche Schrëftsteller a Lyriker hätt haut 90. Joer kritt. Den DDR-Dichter ass de 4. September 2015 am Alter vun 81 Joer gestuerwen.

Johnny Winter: De grousse Meeschter vum Blues
De Bluesmuseker Johnny Winter ass de 16. Juli 2914 am Alter vu 70 Joer zu Zürich gestuerwen.
