Schwéierpunkt vum Dag
Pilotprojet Alphabetiséierungssprooch: éischt Analys
5 min
D’Wiel vun der Alphabetiséierungssprooch kéint potentiell dozou bäidroen, Bildungsongläichheeten direkt um Ufank vun der Schoulkarriär ze behiewen: dat ass eng zentral Conclusioun vun der éischter wëssenschaftlecher Analys vum Pilotprojet “Zesumme wuessen!”: eng Analys vum Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) vun der Uni Lëtzebuerg, déi e Freideg verëffentlecht gouf.
Zanter der virleschter Rentrée kënnen Eltere vu Schüler aus véier Grondschoule wielen, ob hir Kanner op Däitsch oder op Franséisch liesen a schreiwe léieren.
Presentéiert vum
- Serge Kesseler