arrow_back_ios
Kannerkëscht
Den Dausendbéngchen an d'Sanni-Spann
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow

Den Dausendbéngchen ass gehäit. Hien ass vill dorëmmer gereest an elo huet hien seng dausend Féiss wéi. Hien brauch elo onbedéngt Schong!
“Den Dausendbéngchen an d'Sanni-Spann” ass eng Geschicht aus dem Buch “12 Gutt-Nuecht-Geschichten” vun der Sonja Bintener, erauskomm bei Éditions Phi. Illustréiert vun der Snejana Granatkina. Gelies vum Martine Anne Breisch a realiséiert vum Fränz Hausemer fir de radio 100,7.
Episoden

Wéi kann ee waarmt Waasser kréien?
A wéi eng Roll kann d'Sonn derbäi spillen. D'Michèle Weber vum science.lu an de Jean Claude Majerus wësse méi.

De Piwitsch Nummer zwee ass do
Déi zweet Nummer vun der Kannerzeitung vum Script ass elo eraus mat villen intressanten Theemen.

Aliens zu Lëtzebuerg?
D'Monique Kirsch aus dem natur musée op der Spuer vun Aliens an der Planzen- an Déierewelt
Aus Mëllech gëtt Pech
Datt ee Mëllech als Liewensmëttel brauch, dat wësse mir alleguerten. Mee hei hu mir en Experiment dobäi, wéi een aus Mëllech ka Pech maachen. Wann dat alt eppes soll ginn.

Lëtzebuerg (er)-liewen
Op wéi eng verschidde Manéieren ee Lëtzebuerg erliewe kann, gitt dir bei dësem Projet gewuer
Wat huet de Pygmy mat de Walen ze dinn?
De Pygmy ass en Zwergflosspäerd an de Patrick Michaely aus dem natur musée erkläert iech, wat dem Pygmy seng Relatioun mat engem Wal ass.

E musikalesche Grasshallem
De Joseph Rodesch proposéiert en natierlecht Museksinstrument.

Den interaktive Piwitsch
Fir de Summer plangt déi nei Kannerzeitung vum Script un enger Spezialeditioun, wou dir als Kanner aktiv kënnt maachen

De Wéngerteschleek
D'Monique Kirsch huet Detailer iwwert dëse Schleek dee wuel lues ënnerwee ass, mä awer e faszinant Déier ass.
En natierelchen Hygrometer
Wéi kannn een ouni Apparat an der Natur d'Loftfiichtegkeet moossen? De Joseph Rodesch an de Jean Claude Majerus verroden iech et.

Vill Sproochen maachen d'Welt intressant.
Mä ville Sproochen geet et wéi den Déieren se sinn am gaangen aus ze stierwen.

Kann een d'Waasser vun engem Bam drénken?
De Joseph Rodesch huet do eng Iddi, wéi een dat mat deem Waasser ka maachen, an hie wäert iech dat verroden.

Musek an Theater
Dës zwee Konschtgenrë begeeschterte Jonk an Al a sinn och fir de Script wichteg. De Jean Paul Majerus, Coordinateur vu Mimamu-Projet ass Invité am Kannereck.

De Kuckuck
Wann de Kuckuck bis séngt dann ass d'Fréijoer sécher do. D'Monique Kirsch aus dem Naturmusée erzielt iech villes iwwert de Kuckuck.

Kal a waarm Waasser iwwertenee stellen
A genee dat probéiert d'Michèle Weber vu science.lu an eisen Exoeriment am Kannereck vum 100,7

Wie sinn déi Kanner am Piwitsch?
An der neier Kannerzeitung vum Script "De Piwitsch" fannt der Kanner dran. Am Kannereck gitt der haut gewuer wien déi Kanner sinn.

Zäit vun den Äishellegen

Science Prank mat enger Waasserfläsch

Wat ass eng Miniredaktioun?
Eng vun de Stäipe vun der neier Kannerzeitung vum Script sinn déi sougenannte Miniredaktiounen. De Claude Karger erkläert, wat dat ass.
