Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - There Is No Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Antisemitismus a Frankräich

Noen Osten

Antisemitismus a Frankräich

De Konflikt tëscht Israel a Palestina stellt weltwäit d'Solidaritéit op d'Prouf. Engersäits muss een eng Militäroffensiv kritiséieren, déi all Dag ville Palestinenser d'Liewe kascht. Anerersäits dierf en dobäi d'Existenzrecht vun Israel net a Fro stellen, mengt de Léonardo Kahn. A Frankräich gëtt dëst Nuance dacks iwwersprongen, mam Resultat, datt antisemittesch Ideologien et méi einfach hu sech ze verbreeden.

auto_stories

2 min

Den Europadeputéierte Raphaël Glucksmann ass a Frankräich e bekannte Verfechter vun de Mënscherechter. Zu senger Solidaritéit mat Palestina schreift hien: "Défendre les droits des Palestiniens, c'est prôner la reconnaissance d'un État palestinien libre et viable aux côté de l'État isralien."

Eigentlech ass dat näischt aneres wéi e Plädoyer fir d'Zwee-Staate-Léisung, wou Israel a Palestina friddlech co-existéiere kënnen. Hie verurteelt d'Militäroffensiv vum israelesche Premier Netanjahu, seng illegal Siidlungspolitik, den Terrorismus vun der Hamas.

Eng Partie Leit hunn awer kritiséiert, dem Raphaël Glucksmann seng Kritik wier ze douce. D'Kommentarsektioun op Instagram war am Enn esou voller Israel-Haas an Antisemitismus, datt de Mënscherechtsaktivist d'Kommentarfunktioun desaktivéiere misst - eng Première a senger Karriär.

Eng wéineg nuancéiert Debatt

Och hei a Frankräich gëtt d'Debatt deelweis ze wéineg nuancéiert gefouert. Wien hei net héich kontrovers Begrëffer benotzt wéi "Génocide" oder "Imperialisme", gëtt séier verstouss. Dem Inneminister Gérald Darmanin säi Verbuet vun der Pro-Palestina-Maniff zu Paräis huet dobäi Ueleg op d'Feier gegoss.

Antisemitismus gëtt a Frankräich net esou séier verurteelt wéi zum Beispill bei eisen däitschen Noperen. Fir d'Shoa ginn a Frankräich haaptsächlech d'Nazie responsabel gemaach. Déi eege Vergaangenheet steet méi am Hannergrond.

Dobäi goufen iwwer 250.000 Judden am Vichy Regime deportéiert, wat ouni franséisch Komplizen net méiglech gewiescht wier. De sougenannte "Fichier Juif", deen dëst Deportatiounen an Zwangsenteegenungen dokumentéiert huet, gouf 1949, e puer Joren no der Befreiung, einfach zerstéiert.

Eng konstruktiv Ausernanersetzung feelt doduerch

De Wonsch vun Israel en eegene Staat ze grënne, gëtt dowéinst méiglecherweis net sou gutt verstanen: op der Demo de leschte Samschdeg hei zu Paräis ass kritiséiert ginn, Israel wier eng US-amerikanesch Kolonie an net e Land, an deem Judden zanter dem zweete Weltkrich a Fridde solle liewe kënnen.

Dat alles ass schued, well doduerch eng konstruktiv Ausernanersetzung mam Sujet verhënnert gëtt. Well jo, Palestinenser gi momentan ënnerdréckt a brauchen international Ënnerstëtzung. A si hu selbstverständlech e Recht op en eegene Staat. De Konflikt ass awer net ze léisen, andeems een d'Existenz vun Israel a Fro stellt.