90.000 Doudeger huet de Coronavirus a Frankräich scho kascht. Mat knapp 30.000 Néi-Infektiounen am Daach, ass hei d'Enn vun der Pandemie nach net a Siicht.
D'Île-de-France ass eng vun deenen am schwéier betraffenste Regiounen. Vun 1200 Intensivbetter sinn hei knapp 90 Prozent scho beluecht.
Änlech wéi am Ufank vun der Pandemie sollen dowéinst Coronavirus-Patienten a Spideeler transferéiert ginn, déi net iwwerlaascht sinn.
De Weekend goufe sechs Leit per Helikopter a Fliger an de Süd-Weste vum Land bruecht. Zwee gréisser Evakuatioune sinn no Informatioune vum Staat fir den Donneschden an de Sonnde geplangt. Hei soll mat engem speziellen TGV iwwert 100 Patienten evakuéiert ginn. Fir de Moment nëmmen an d'Regioun Nouvelle-Aquitaine, mee vu nächster Woch un och an d'Nopeschregioune Pays de la Loire an d'Occitanie.
Zur Zäit ginn nëmme Patienten transferéiert, déi op laang Behandlungen ugewise sinn. Hir Situatioun dierf wéinst der Rees awer net ze kritesch sinn. Ausserdeem muss d'Famill mam Transfert averstane sinn.