Dagdeeglech
Virun 63 Joer stierft de Michel Lucius
3 min
Op d‘Welt koum de Michel Lucius den 9. Dezember 1876. Obwuel hie schonn als Kand a Kontakt mat der Geologie koum, sollt hie berufflech fir d‘éischt als Schoulmeeschter schaffen, éier hie seng Studien an der Geologie an der Schwäiz ofschléisst. Als Geolog schafft hien a Russland op der Sich no Pëtrol, wéi och an der Tierkei. Hei am Land ass hie bedeelegt un de Buerunge vun der Marie-Adelheid-Quell zu Munneref an der Mineralwaasserquell zu Rouspert. Säi Rot war och gefrot beim Bau vum Stau zu Esch-Sauer, zu Veianen a Rouspert, wéi och fir de Bau vun der Rouder Bréck an der Kanalisatioun vun der Musel. De Michel Lucius stierft haut op den Dag virun 63 Joer am Alter vu 85 Joer.