Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live

Eis Mataarbechter, Presentateuren an hir Sendungen

Ekipp (74) chevron_right

Eis Missioun

expand_more

De radio 100,7 ass de Radiosender fir Informatioun, Kultur an Ënnerhalung zu Lëtzebuerg. Zënter 1993 op Antenn, séchert de Sender de Service public an der Lëtzebuerger Radioswelt. Iwwert seng Internetsäit a seng mobil App bitt de Radio och Informatiounen an Text a Bild. Hei fënnt ee seng Emissiounen ausserdeem an der Mediathéik.

 

Am Ufank war dem radio 100,7 säin Optrag, als soziokulturelle Radio eng spezifesch Nisch ze besetzen. Mam neie Gesetz vun 2022 krut e ganz offiziell d’Missioun, als Generalisteradio all d’Leit zu Lëtzebuerg unzeschwätzen. Méi speziell soll de Radio iwwer national, europäesch an international politesch Aktualitéit informéieren, variéiert Programmer zu sozialen, wirtschaftlechen, kulturellen a sportlechen Sujeten produzéieren an och déi regional a lokal Aktualitéit ofdecken.

 

D’Programmer radio 100,7 an opus 100,7, de Sender fir klassesch Musek, ginn am allgemengen Interessi vum Média de Service public 100,7 produzéiert, engem onofhängegen ëffentlech-rechtlechen Établissement. De Verwaltungsrot ass aus sechs onofhängege Memberen an dräi Staatsvertrieder zesummegesat. Ufank 2023 gouf fir d’éischte Kéier e Member no engem ëffentlechen Opruff fir Kandidature vum Verwaltungsrot nominéiert.

 

Finanzéiert gëtt de Média de service public 100,7 vun der ëffentlecher Hand aus dem Staatsbudget. Ausser dem Parrainage vun eenzele Sendungen dierf keng Publicitéit op senge Radioë gespillt ginn. Zënter 2015 gëtt dëse Finanzement iwwert pluriannuel Konventioune geséchert. Dëst verhënnert, datt iwwert de Budget d’Onofhängegkeet vun de Journaliste vum 100,7 ënner Drock geréit.

 

Als Service public huet de radio 100,7 besonnesch Verflichtungen. Souwuel bei Informatioune wéi bei Meenungsbäiträg a Kommentare muss d’Redaktioun onparteiesch an onofhängeg bleiwen, an déi eethesch Normen, Qualitéitsuspréch an d’Wäerter vum Service public respektéieren. Den 100,7 muss zur sozialer Kohesioun bäidroen, d’Diversitéit vun Iddien a Meenunge reflektéieren an déi demokratesch, sozial a kulturell Bedeelegung vun de Bierger promovéieren.

Zu senger Missioun gehéiert och d’kulturell an artistesch Kreatioun zu Lëtzebuerg an Evidenz ze setzen. Zum Optrag vum 100,7 gehéiert virun allem d’Nolauschterer, am Respekt vun der Wäerter vum Service public, ze ënnerhalen.

Wéi kann ech de radio 100,7 lauschteren?

expand_more

- iwwer d’Frequenz 100,7 MHz, fir eng optimal Qualitéit um Lëtzebuerger Territoire

- iwwer d’Frequenz 95,9 MHz, fir e besseren Empfang am Norde vum Land 

- iwwer déi meescht Kabelreseauen zu Lëtzebuerg 

- iwwer Livestream

- als Podcast iwwer eis Onlinemediathéik

- iwwer d’Radioplayer App

Kontakt

expand_more
  • radio 100,7 :

  • apartment

    21a, Avenue J.F. Kennedy
    L-1855 Luxembourg

  • markunread_mailbox

    Adresse postale: B.P. 1833
    L-1018 Luxembourg

De radio 100,7 fannen chevron_right

Gouvernance

expand_more

Gesetz
Loi du 12 août 2022 portant organisation de l’établissement public « Média de service public 100,7 » et portant modification de la loi modifiée du 27 juillet 1991 sur les médias électroniques.

 

Verwaltungsrot
De Verwaltungsrot vum Média de service public 100,7 bestëmmt déi allgemeng Strategie vum Medienhaus, engagéiert den Direkter oder d’Direktesch an iwwerwaacht d’Gestioun vum Etablissement esou wéi de Respekt vum gesetzleche Kader.

 

De Verwaltungsrot huet néng Memberen. Dorënner si sechs onofhängeg Memberen, déi vum Verwaltungsrot selwer virgeschloen a vun der Regierung ernannt ginn. Déi dräi aner Membere si Staatsvertrieder, déi d’Regierung virschléit an ernennt. Fir nei onofhängeg Memberen ze fannen, kann de Verwaltungsrot en ëffentlechen Opruff fir Kandidature maachen.

 

D’Mandat vun engem/r Verwaltungsrotsmember huet fënnef Joer a kann eemol erneiert ginn.

De Verwaltungsrot wielt säi President oder seng Presidentin ënner senge Memberen.

 

De Média de Service public 100,7 gëtt och vun engem/r Regierungskommissär:in iwwerwaacht, deen oder déi mat berodender Stëmm un de Reunioune vum Verwaltungsrot deelhëlt. De Regierungskommissär kann Entscheedunge vum Verwaltungsrot suspendéieren, wa se riskéiere géint Gesetzer, Reglementer, d’Finanzéierungskonventioun oder de Cahier de charges ze verstoussen. Déi Fäll ginn dem Medieminister ënnerbreet.

 

Verwaltungsrotsmemberen:

Véronique Faber, Presidentin
Tania Brugnoni
Fabien Simon*
Steph Meyers
Raphael Kies
Pierre Reuter
Thierry Zeien*
Josée Hansen*
Tom Hermes
Céline Flammang, Regierungskommissärin
Marielle Sand, Verwaltungsrotssekretärin

 

(*): Staatsvertrieder:in

 

Koordinatiounsekipp:

Jean-Lou Siweck, Direkter

Patricia Weber, Sekretärin a Comptabilitéit

Yves Stephany, Programmchef

Jean-Claude Franck, Chefredakter
Christina Heidt, Vizechefredakterin

Christiane Kleer, Vizechefredakterin

Luc Boentges, Responsabel opus 100,7/Klassesch Museksredaktioun 

Jamie Reinert, Responsabel Musek-Programm

Pascal Tesch, Responsabel vum Service Technique
Semir Demic, Responsabel Kommunikatioun

Richard Thilmany, Responsabel Ressources Humaines

Rick Mertens, Koordinatioun Aktuelle Magasinn

Pia Oppel, Koordinatioun Features

Jeff Schinker, Koordindatioun Musek&Kultur

Chris Simon, Koordinatioun Technik-Betrib

Chris Zeien, Koordinatioun Digital


Statut rédactionnel:

Statut rédactionnel

 

Publikumsrot

D’Roll vum Publikumsrot ass et, der Ekipp vum 100,7 en informéierten a kritesche Retour zu de Programmer vun de Radiosender “radio 100,7” an “opus 100,7”, esou wéi den Inhalter vun den Internetsäiten www.100komma7.lu an www.opus.radio ze ginn. De Publikumsrot hëlleft dem 100,7 esou, seng Service public Missioun esou gutt wéi méiglech ze erfëllen.

 

De Publikumsrot huet zwielef Memberen. Si goufen no engem ëffentlechen Opruff fir Kandidature vum Verwaltungsrot vum 100,7 ernannt. Bei der Selektioun vun de Memberen ass et dem Verwaltungsrot ëm eng gutt gemëschten Zesummesetzung, wat den Alter, d’Geschlecht, d’Regioun vum Land an de sozio-professionellen Hannergrond ugeet, gaangen, awer och ëm eng Mëschung vu ganz treien a méi geleeëntlechen Nolauschterer an Nolauschterinnen. D’Membere vum Publikumsrot sinn an hirem perséinlechen Numm genannt a vertriede keng Organisatiounen oder gesellschaftlech Stréimungen.

 

D’Grondlag fir e Publikumsrot gouf mam Gesetz vum 22. August 2022 iwwer de Média de service public 100,7 geluecht. De Rot wäert mindestens zwee Mol am Joer zesummekommen. Vum Joer 2026 u wäert all Joer een Drëttel vum Publikumsrot nei besat ginn. D’Kandidate fir d’Mandater vun dräi Joer wäerten iwwer en ëffentlechen Opruff gesicht ginn.

 

Memberen vum Publikumsrot:

Renata Santini, Presidentin

Sofia Vitali Gonçalves

Catherine Jost

Charly Krau

Philippe Majerus

Nadine Martin

Gery Oth

Patrick Pereira

Benjamin Questier

Katharina Rausch

Michèle Schank

Jo Wildschutz

Rapporten

expand_more

Rapporte vum Verwaltungsrot