Radioen

On air

Nei Musek  |  Zwou monumental Sinfonie

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

SOT EMOL

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D’Anne Simon ass zënter iwwer 15 Joer als Regisseurin an der Lëtzebuerger Theaterzeen an doriwwer eraus e feste Begrëff. Si huet um Royal Holloway vun der Universitéit London d’Fächer Drama an Theater studéiert.

auto_stories

2 min

headphones

59 min

play_arrow

No hirer Zäit zu London koum d’Anne Simon zeréck op Lëtzebuerg an huet um Ufank vill mam Frank Hoffmann am TNL, dem Théatre National du Luxembourg a fir d’Ruhrfestspiller Recklinghausen geschafft.

D’Anne Simon ass ee vun ëmmer méi Lëtzebuerger Theaterleit déi de Choix geholl hunn an England hir Theaterformatioun ze maachen.

“Well deen Ament och eng Ëffnung war fir hei eben och kënnen englesch ze kreéieren.(...) An do ass kloer ginn, datt e Besoin do ass an datt eng Audience do wier.”

Keng linguistesch Limitten

Zu Lëtzebuerg ginn et am Géigesaz zu anere Länner vill manner Aschränkungen am Beräich vun der Sprooch. An dat well de Public zu Lëtzebuerg esou divers ass.

“Meng gefillten Analys ass op alle Fall, datt um Ufank, viru 15 Joer, datt et éischter en “First Language”-anglophone Public war.(...) An datt bei deem Public, dat Englescht, déi global Kommunikatiounssprooch zu Lëtzebuerg gëtt. Dat heescht datt als Langue véhiculaire méi Englesch geschwat gëtt wéi Franséisch.”

An de Public fir englesch-sproochegen Theater gëtt doduerch méi grouss.

Eng eenzegaarteg Theatersituatioun

Et ass eng Chance déi een zu Lëtzebuerg huet, datt een Theater a verschiddene Sprooche ka kucke goen, awer net nëmme wéinst der Sprooch eleng, mee och wéi eng Approche den Theater an anere Sproochen huet a virun allem och de Rhythmus an anere Sproochen.

“Wa Kolleegen aus dem Ausland hei sinn, déi sinn extrem verwonnert, einfach iwwert dat och wat mer bidden, wéi vill mer bidden, wéi vill verschidde Saachen datt mer bidden. Dat ass scho wierklech mega.”

Aktuell ass d’Anne Simon am gaangen un hirer Mise en scène vum Mike Bartlett sengem Stéck “Cock” ze schaffen dat de 14. Mee am Kapuzinertheater Première huet.

Lauschterenplay_arrow