Radioen

On air

Grousse Kino  |  Fontaines D.C. - A Hero's Death

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere bedeelege sech un engem Protest zu Schengen

Solidaritéit mat hiren europäesche Kolleegen

D‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere bedeelege sech un engem Protest zu Schengen

Mat iwwer 100 Traktere ware jonk Baueren aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an aus der Belsch op Schengen gefuer, fir do géint déi europäesch Agrarpolitik ze protestéieren. Mat den Traktere gouf d’Muselbréck am Dräilännereck blockéiert. D’Fuerderunge vun de Jongbauere sollen op europäeschem Niveau Gehéier fannen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Wa sech an der Landwirtschaft näischt ännert, da kéinten et och zu Lëtzebuerg, wéi am Ausland, grouss Protester an der Landwirtschaft ginn, esou de President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, de Charel Ferring zu Schengen. D’Aktioun vun haut hat virop een europäesche Kader.

"Haut geet et net ëm national Problemer, mee et geet ëm dat grousst Ganzt, et geet ëm d’EU."

Gefuerdert gi gläich Reegele fir d’Baueren a ganz Europa, ee garantéierte Minimumrevenu fir jonk Baueren a käschtendeckend Präisser. D’Ëmweltpolitik dierft d’Akommes vun de Betriber net negativ beaflossen, verlaangen déi jonk Baueren.

Landwirtschaft en Deel vun der Léisung

D’Landwirtschaft wier een Deel vun der Léisung vu Klimawandel, betount d’Presidentin vun der Landjugend aus dem Saarland, Christina Rullof.

"Dabei ist es uns wichtig, dass die EU uns hierbei unterstützt, die richtigen Rahmenbedingungen setzt, um Naturschutz und das Produzieren von Nahrungsmitteln miteinander zu vereinen, und dass es hier nicht zu einer Konkurrenzfunktion kommt."

"Prett, rëm ze blockéieren, wann eis Erwaardungen net Erfëllt ginn"

De Generalsekretär vun de jonke Baueren aus der franséischer Moselle, de Marc Bodo huet op der gemeinsamer Pressekonferenz déi rezent Baueremanifestatiounen uechter Europa ugeschwat.

"On est prêt à retourner à des blocages forts et considérables si nos attentes au niveau national ne sont pas entendues."

Vertrieder vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft hu jo muer ee Gespréich mam Premier Luc Frieden. Och d’Landjugend a Jongbauere wiere mat dobäi, betount hire President Charel Ferring de Mëtteg hei zu Schengen.

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Ernärung
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt