Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Liewen am Internat

125 Joer "Bullett"

D'Liewen am Internat

D‘Internat zu Iechternach an der fréierer Beneditkinerabtei feiert dëst Joer säin 125. Gebuertsdag. An deenen 125 Joer huet sech vill gedoen. Een Internat vun haut ass nämlech net méi dat selwecht, wéi deemools.

auto_stories

2 min

headphones

22 min

play_arrow
V.l.n.r.: Nadine Niesen, Marc Diederich a Karin Fisker (Foto: Maurice Molitor)

Réischt zënter 2016 kënnen och Meedercher am Internat iwwernuechten. Dat op Wonsch vum Träger, der ASBL Jacques Brocquart. Et wier awer och einfach eng Saach vun der Zäit, erkläert den Direkter vum Internat Marc Diederich.

Eng 40 Plaze si relativ konstant ëmmer beluecht. D‘Internat ass och ni komplett ausgelaascht. Dat kéint ënner anerem doru leien, datt d‘Internat relativ wäit vum Schoss géif leien. Mee et kënnt och dacks vir, datt et net zu Admissioune kënnt, erkläert de Marc Diederich.

Internat soll keng Strof sinn

D‘Internat géif zum Beispill keen ophuelen, wou een d‘Gefill hätt, datt et net de Wonsch vun der jonker Persoun ass, respektiv d‘Fräiwëllegkeet net garantéiert ka ginn. Grad bei Jugendleche misst vill Wäert dorop geluecht ginn. D‘Internat dierf och net als Strof gesi ginn nom Motto „wann s de dech net schécks, gees de an d‘Internat.“

Den Alldag am Internat ass awer nach ëmmer immens strukturéiert: Aktivitéiten, Etuden, Iessen: Alles ass genau geplangt. Fir déi Jéngst mussen d‘Luuchten owes um 21:30 Auer aus sinn a bei deenen Eelsten um 22:45 Auer.

D‘Nadine Niesen, d'Attachée vun der Direktioun, erkläert, datt et am Secondaire vill u Strukture mat informeller Educatioun feelt. Déi Jugendlech sinn also dacks op sech eleng gestallt. D‘Internat soll dofir als Hëllef gesi ginn an net als Strof.

Zäite vu risegen Dortoire si riwwer

Wat sech nach mat de Jore geännert huet ass d‘Zëmmeropdeelung. Riseg Dortoire mat ganz ville Better géif et haut net méi ginn. Just nach Eenzel- an Duebelzëmmer. Am Internat zu Iechternach ginn deemno just nach d‘Sanitärberäicher gedeelt.

Am neien Internat, dat zu Péiteng entseet, soll awer och dat net méi de Fall sinn. Hei kritt all Kummer en eegent Buedzëmmer, erkläert d‘Karin Fisker, Generaldirektrice vun der ASBL Jacques Brocquart.

„Bullett“

D‘Internat zu Iechternach an och de Konvikt an der Stad gi jo scho laang och „Bullett“ genannt. Firwat dat sou ass, ass net genau gewosst. Eng Theorie gëtt et, datt de Numm dohier kënnt, datt um Enn vun der Woch d‘Fleeschreschter geholl an als Bulletten zerwéiert goufen.

Lauschterenplay_arrow